Gesetzpropositioun Voyeurismus"Et ass eng Lacune an eisem Strofgesetzbuch, déi kéint zougemaach ginn"

RTL Lëtzebuerg
Sou hunn d'Vertrieder vun den Oppositiounsparteie op d'Gesetzpropositioun vum Gilles Roth zum Voyeurissem reagéiert.

Den CSV-Deputéierte war no der Sëtzung frou, dass seng Proposition de loi an der Kommissioun eng unanime Zoustëmmung fonnt huet, soudass de Voyeurismus géif ënner Strof gestallt ginn:

„Et gëtt eng formell Infraktioun bei eis an de Code pénal ageschriwwen. Wat versteet een dorënner? Mä dat ass ganz einfach, wann een ouni Averständnis vun enger Persoun en Abléck an hir intim Partien huet, z.B. wann een enger Damm géif ënnert d'Jupe filmen, wann ee Fotoe géif maachen an enger Ëmkleedekabinn, mat engem Handy, wann een eng Foto géif maachen an engem Bus oder an enger Sauna oder gegebenefalls duerch e Schlëssellach.“

Extrait Gilles Roth

Dem Gilles Roth no gëtt et a Frankräich an an der Belsch en Text heizou, net awer bei eis, soudass e Besoin do wär. D'Gesetzpropositioun geet elo nach emol an de Staatsrot a kéint dann zäitno, vläicht ëm d'Rentrée, an d'Chamber kommen.

RTL NEWS: Upskirting/Voyeurismus - Filmen a fotograféiere soll strofbar ginn

Back to Top
CIM LOGO