Centre de Consultation a Centre de PrélèvementErklärungen zu den ënnerschiddleche Prozeduren

RTL Lëtzebuerg
Zanter engem Mount gëtt et de Centre de Consultation Covid um Kierchbierg, en anere CCC ass zu Esch. Dës sollen d'Hausdokteren an d'Urgencen entlaaschten.
Centre de Consultation a Centre de Prélèvement
Zanter engem Mount gëtt et de Centre de Consultation Covid um Kierchbierg, en anere CCC ass zu Esch. Dës sollen d'Hausdokteren an d'Urgencen entlaaschten.

An de CCC soll een awer nëmme goen, wann een eng Consultatioun brauch an net fir en Test. Fir Leit, déi sech wëllen teste loossen, ass en neien Testzenter zu Leideleng opgaangen. D'Monica Camposo mat den Erklärungen zu den ënnerschiddleche Prozeduren. Et ass net ëmmer esou roueg am Zenter an der aler Nationalbibliothéik um Kierchbierg, wann den Dokter Sébastien Français ukënnt. 6 Doktere kënnen hei gläichzäiteg bis zu 150 Patienten den Dag ënnersichen. Den Ament wier een awer frou, dass dës Zuel net erreecht gëtt, erkläert den Dr. Sébastien Français, Responsabel fir d'Koordinatioun an de CCC'en. Ëm 50 Persoune kommen den Ament pro Dag, mat engem Pic weekends, dee bis zu 80 Patiente goe kann.

Dës Hausse wier ze erklären, well d'Cabinete vun den Hausdoktere weekends zou sinn. Am Ufank wiere vill Leit komm, fir sech testen ze loossen, ma déi konnten net traitéiert ginn.

De Centre de Consultation ass nämlech fir Persoune mat Covid-Symptomer geduecht a fir Leit, déi scho positiv getest goufen. An der Entrée gëtt de Gesondheetszoustand evaluéiert an d'Donnéeë gi registréiert. Och Persounen, déi keng Krankeversécherung hunn, kënnen an de CCC kommen.

De But ass et, Zäit ze spueren, well d'Fleegepersonal déi éischt Ënnersichung mécht, duerno kënnt de Patient bei en Dokter oder eng Doktesch.

Wärend de Patient dann ënnersicht gëtt, kann d'Fleegepersonal sech schonn ëm déi nächst Persoun këmmeren. An der Consultatioun kann den Dokter zum Beispill en Test op de Covid-19 verschreiwen, deen op der Plaz ka gemaach ginn.

E rengen Testzenter ass dës Woch zu Leideleng opgaangen. Dëse Centre de prélèvement ass an der Woch vu moies 6.30 Auer bis owes 18 Auer op, samschdes vun 6.30 Auer bis Mëtteg. Et brauch ee kee Rendezvous, ma et gëtt awer e speziellen Ticket-System, fir d'Waardezäit direkt kënnen anzeschätzen. Eng Ordonnance ass awer néideg. 22 esou Testzentere ginn et uechter d'Land, fir d'Laboen ze entlaaschten.

D'Centres de Consultation um Kierchbierg an zu Esch solle par Konter d'Cabinete vun den Hausdokteren an d'Urgencen entlaaschten. Et gëtt awer natierlech zesummegeschafft.

All Dag géing et e puermol virkommen, dass e Patient an d'Urgence muss verluecht ginn. An deem Fall gëtt déi éischt Prise en charge am CCC gemaach, bis d'Ambulanz kënnt, erkläert den Dr. Sébastien Français.

E weideren Centre de Consultation ass den Ament net geplangt. Ma och am CCC um Kierchbierg gëtt sech mat den neie Mesuren erwaart, dass d'Infektioune sech weider stabil halen an am beschte Fall erofginn.

Back to Top
CIM LOGO