Podcast "1 Komma 5 Grad"Episod 4: Grouss Erwaardungen u Glasgow

RTL Lëtzebuerg
Wat ass vun der COP26 ze erwaarden? Ass mat engem Duerchbroch ze rechnen a wéi e Sënn mécht iwwerhaapt esou eng weltwäit Klimakonferenz?
Podcast "1 Komma 5 Grad"
Wat ass vun der COP26 ze erwaarden? Ass mat engem Duerchbroch ze rechnen a wéi e Sënn mécht iwwerhaapt esou eng weltwäit Klimakonferenz?

Dat ass de Sujet vum neien Episod vun 1,5 Grad mat zwee Invitéen :

Dem CSV-Deputéierten Paul Galles, deen zu Glasgow un der COP deelhëlt an der Jessie Thill, déi am Januar fir déi Gréng op de Krautmaart wäert noréckelen.

Allen zwee sinn der Iwwerzeegung, dass d’ Verhandlungen op der COP wichteg sinn an och eng grouss Konferenz justifizéiert ass trotz dem enormen logisteschen Opwand an CO2-Ausstouss.

Konkret erlaabt sou eng Konferenz sech perséinlech auszetauschen, besser ze verhandelen an en Netzwierk opzebauen, sou de Paul Galles, deen awer ganz kritesch ass, wat d’Zesummesetzung vun der COP betrëfft mat ze vill Lobbyisten a net genuch Vertrieder vun ONGen oder och Länner aus dem Süden, déi awer als éischt betraff si vun der Klimakris.

De fréieren US-President Obama huet a senger Ried zu Glasgow déi Jonk opgeruff, weider Drock ze maachen op d’Politik, am Brouillon vum Ofschlosspabeier, deen ons virläit, geet och am Text ausdrécklech riets vun der Roll vun de Jonken.

Dat wier positiv seet déi jonk zukünfteg gréng Deputéiert, mee Jessie Thill seet awer och, dass et un der Politik ass, fir hir Responsabilitéit ze huelen an déi net op d’Bierger kann ofginn. Gläichzäiteg sot si sech houfreg, dass Lëtzebuerg Virreider wier, wat Klimaziler betrëfft.

Kënnen déi 1,5 Grad agehale ginn ? Do hu sech béid Invitéen zwar optimistesch an awer skeptesch gewisen, et sollt een d’Zil net opginn, mee bis elo stinn Zeechen éischter op 2 Grad. Mee et wéisst een ni, wat um Enn eraus kënnt, och wa méintelaang am Virfeld scho verhandelt gouf, kéint et awer ëmmer nach zu enger Iwwerraschung bei der Ofschlossdeklaratioun kommen – am gudden oder schlechte Sënn.

Back to Top
CIM LOGO