Chambre de CommerceEntspanung vun der Ekonomie zeechent sech of

Diana Hoffmann
Fanny Kinsch
De Baromètre de l'économie fir d'éischt Semester dëst Joer versprécht Grond zu Hoffnung.
Chambre de Commerce
De Baromètre de l'économie fir d'éischt Semester dëst Joer versprécht Grond zu Hoffnung.

Et zeechent sech of, datt een zwar nach net um Niveau vu virun der Pandemie ass, mee datt et wuel erëm biergop fir d'Wirtschaft geet. De PIB vum Land ass deemno mat engem Minus vun 1,3 Prozent zejoert manner déif gefall, wéi d'Chambre Commerce an hirem leschte Bilan gerechent hat. Deemools hat een e Minus vu 4 Prozent gefaart.

Fir de Barometer ze erstellen, goufen eng 1.600 Entreprisen ugeschriwwen a Froe gestallt ënner anerem zu hiren Aktivitéiten, der Beschäftegung, der Rentabilitéit, dem Vertrauen an d'Zukunft an den Investissementer. Eng ronn 600 hu geäntwert a bilde soumat eng representativ Stéchprouf vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg.

D'Resultat vun den Analysen deit drop hin, datt een zwar nach net aus der Kris eraus ass, mee et wier positiv ze kucken, datt et net weider erofgaangen ass, sou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen. Déi penibel Attente an der Wirtschaft géing also weidergoen. Dobäi geet et verschidde Secteure besser wéi aneren. Déi eng leiden nach weider, woubäi un den Transport oder den Horeca ze denken ass. Anerer geet et lues a lues besser an erëm anerer hunn d'Kris souwisou gutt iwwerstanen.

Dës Diversifizéierung wier awer och eng grouss Chance vun eiser Wirtschaft, sou de Carlo Thelen. Dowéinst steet Lëtzebuerg am Verglach zu anere Länner nach gutt do. Besonnesch vu Virdeel ass awer och, datt vill Aarbechten zu Lëtzebuerg am Teletravail méiglech sinn, sou datt den Impakt duerch Corona a Lockdown ebe manner grouss war.

Wichteg wier awer, datt trotz positive Messagen, d'Hëllefe vun der Regierung un d'Entreprisë weider lafen. Et wier ze frei, dës anzestellen, well de Risk vu Faillitte bleift weiderhin héich. Am Mäerz goufen eng 116 gemellt an 180 Liquidatiounen. Eng Ronn 700 Milliounen Euro goufen an de Chômage partiel an an aner Hëllefe gestach. Dëst entsprécht dem Montant, deen zu Lëtzebuerg all Joer an d'Aide au logement investéiert gëtt, ënnersträicht de Carlo Thelen.

Datt déi Lëtzebuerger Entreprisen och an Zukunft gutt fir Krise gerëscht bleiwen, fuerdert d'Chambre de Commerce, datt d'Regierung méi an d'Innovatioun an och an d'Formatioun investéiert. Et ass wichteg, datt déi néideg Kompetenze fir Poste fonnt a geschaaft ginn. Besonnesch am Beräich vun der digitaler Transitioun ass dëst noutwendeg. Wat gebraucht gëtt, misst d'Regierung mat den Entreprisen zesumme kucken. Den Taux de Cofinancement soll an dësem Beräich dowéinst erëm vu 15 op 25 Prozent gehuewe ginn. Dëst géing dann hëllefen, de Chômage ze evitéieren, nei Aarbechtsplazen ze kreéieren an d'Betriber ze ënnerstëtzen, fir méi agil ze sinn.

Net alles läit awer an der Hand vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg. D'Land ass staark am Weltmarché agebonnen, wouduerch natierlech och Repercussiounen aus anere Länner ze spiere sinn, positiv an negativ. Positiv wäert de Carlo Thelen de Plan Biden, wouduerch déi amerikanesch Wirtschaft soll ëm 6,5 Prozent wuessen. Dëst wäert och en Effet op Lëtzebuerg hunn. De Brexit hat awer dogéint, op d'mannst am Ufank, negativ Auswierkungen op den Taux vum Import an Export tëscht béide Länner. Problemer an de Liwwerketten och duerch Lockdowne si bis haut ze spieren. Rezent zum Beispill duerch de Manktem an Europa un den Chippe fir Autoen oder un Holz a Stol.

Wéi d'Wirtschaft aus der Kris erauskënnt a wéi séier, wier och nach net ofzegesinn. Jee no wéi de Vaccin wierkt an och, ob d'Leit dann euphoresch sinn a Geld ausginn oder ob se aus Onsécherheet weider spueren.

Chambre du Commerce Baromètre /Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO