Entreprisë mat Kollektivverträg a méi héije Salairen däerfe bei ëffentlechen Ausschreiwungen favoriséiert ginn. Dat huet den europäeschen Geriichtshaff decidéiert. D’Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB begréisst d’Urteel an engem Pressecommuniqué e Méindeg de Moien.
Dee Verdikt wier grad elo wichteg, well och hei am Land am Moment iwwert d’Ëmsetze vun der EU-Direktiv iwwer Mindestléin a Kollektivverträg diskutéiert gëtt.