
Wärend engem Asaz an der Rue Large zu Esch an der Nuecht op en Dënschdeg ass de Beamte vun der Police e Gefier opgefall, dat an enger Kéier acceleréiert huet, an duerno laanscht d'Poliziste gedrift ass. D'Beamten hunn d'Gefier doropshi gestoppt an de Chauffer kontrolléiert. Dësen huet däitlech Zeeche un Alkoholkonsum gewisen an den Alkoholtest huet dann och e positiivt Resultat gewisen. Iwwerdeems huet sech erausgestallt, dass d'Steiervignette vum Gefier ofgelaf war. De Fürerschäi vum Mann gouf agezunn.