De Couvre-feu soll hëllefen, d'Verbreede vum Coronavirus hei am Land anzedämmen. Tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies ass et deemno d'Consigne, doheem ze bleiwen.
E Freideg dunn déi offiziell Nuecht, an där et nawell e gutt Stéck méi roueg war. Vereenzelt eng Persoun oder mol en Auto, méi war net ze gesinn oder ze héieren.
Bis op een, deen de rouege Moment fir sech genotzt huet... e Fuuss.
