Haus KonterbontEng Plaz fir Kanner aus engem schwierege familiären Ëmfeld

Fanny Kinsch
Diddeleng huet mam Haus Konterbont eng weider Plaz, wou Kanner kënnen en Doheem fannen, déi an enger schwiereger familiärer Situatioun sinn.
Haus Konterbont: Plaz fir Kanner aus engem schwierege familiären Ëmfeld
Diddeleng huet mam Haus Konterbont eng weider Plaz wou Kanner kënnen en Doheem fannen, déi an enger schwiereger familiärer Situatioun sinn.

D’Struktur vu Pro Familia gouf elo ageweit a bitt zwee Gruppe vun all Kéiers aacht Kanner d’Méiglechkeet, eng Plaz ze hunn, wou si sech dierfen a Sécherheet fillen.

Schéin hell Zëmmeren an Openthaltsraim, déi gemittlech ageriicht sinn an e grousse Gaart, fir ze spillen. Alles dat soll dozou bäidroen, datt d’Kanner sech am Haus Konterbont wéi doheem kënne fillen. D’Meedercher a Jongen, déi do wunnen, sinn do placéiert ginn. Dat ass eng Chance, mä anengems och eng Erausfuerderung an dofir ass et wichteg, datt si professionell encadréiert ginn, seet d’Presidentin vu Pro Familia Michèle Kayser-Wengler.

Mir schaffen haaptsächlech an der Trauma-Pedagogik. Do sinn eis Educateuren haaptsächlech ausgebilt. Mir hunn och eng Psychologin, déi d’Kanner betreit. Déi Kanner komme jo net einfach esou heihinner, mä si hu schonn en dacks traumatesche Bagage. Si hu vill Negligencen an och Gewalt erlieft. Et geet eis haaptsächlech drëm, datt d’Kanner wëssen, datt déi Gewalt, déi se erlieft hunn, net hir Schold ass.”

Am Haus Konterbont geet et drëms, déi Gewalt opzeschaffen an - esou d’Directrice Pierrette Meisch - de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, besser emotionell Erfarungen ze maachen...

... déi hinne wierklech erlaben, d’Gefill ze hunn, datt ee fir si do ass, datt se een hunn, op dee se ziele kënnen an datt et ee gëtt, dee sech fir si asetzt. Dat ass ganz ganz wesentlech fir d’Kanner. Et ass och ganz wichteg fir si. Et ass wichteg, datt se d’Méiglechkeet kréien, d’Gewalt opzeschaffen, déi se erlieft hunn, mä och d’Separatioun.

E weidere wichtegen Deel vum Konzept ass d’Transparenz. “D’Kanner musse ganz genau wëssen, wat ass dat hei, wat ass eist Zil, si musse wëssen, wéi dacks se d’Eltere kënne gesinn, bei wat se kënne matmaachen. D’Participatioun ass ganz wichteg, fir datt d’Kanner sech wuelfillen.

An de Strukture vun ProFamilia gëtt och mat den Eltere geschafft. Si sinn a bleiwen eng Bezuchspersoun fir d’Kand. Rezent sinn och zwee Kanner zeréck an hir Famill integréiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO