
Um 17.45 Auer gouf eng Persoun an der Rue Guillaume J. Kroll vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.
Géint 19.10 Auer krut dann en Automobilist um CR333 tëscht Tratten an Houfelt e Bam ze paken. D’Ambulanciere vun Ëlwen an d’Pompjeeë vu Wëntger goufen op d’Plaz geruff. Et blouf awer beim Materialschued.
Am Laf vum Freidegmoie gouf et dann zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.
Géint 9.50 Auer ass en Automobilist am Ranngwee um Houwald an eng Mauer gerannt. Hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz. Nëmmen e puer Minutte méi spéit krute sech op der N31 tëscht Beetebuerg a Léiweng zwee Autoen ze paken. Hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Beetebuerg op der Plaz.