
Een Auto war op der Autobunn A13 Richtung Péiteng tëschent Éilereng an Aessen an eng kalifornesch Mauer gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Weider geet nach aus dem Bulletin vum 112 ervir, dass et géint 21:15 Auer zu engem Vegetatiounsbrand an der Rue Ribeschpont koum. Kengem ass eppes heibäi geschitt.
En Dënschdeg de Moie war et nach eng Kollisioun tëscht zwee Autoe kuerz no 6 Auer tëscht Schengen a Rëmerschen. Hei ass ee Blesséierten ze bekloen. Ee weidere Blesséierte gouf et géint 10:30 Auer um CR332 tëscht Béiwen a Lëllgen. Do krut en Automobilist e Bam mat sengem Won ze paken.
Am Laf vum Nomëtteg koum et dann zu weideren Accidenter:
Kuerz virun 14 Auer ass en Auto um CR345 tëscht Colmer-Bierg an dem Karelshaff verongléckt woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Op der Plaz waren d'Nordstad-Secouristen an déi aus dem Asazzenter Colmer-Schieren.
E weideren Asaz fir d'Ambulanz aus der Nordstad an de Pompjeeë vu Veianen gouf et dann um 14:25 Auer op der RN10 tëscht Veianen a Biwels. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn nodeems zwee Autoen net laanschtenee koumen.
Kuerz no 16 Auer dann nach en Accident op der A10 tëschent dem Sennengerbierg an dem Gréngewald: Och hei sinn zwee Autoen aneneegerannt an et ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'CGDIS-Ekippen aus den Asazzentre vun Nidderaanwen-Schëtter, Menster an aus der Stad.