Drogen an AlkoholEng Partie Fuerverbueter goufen ausgestallt, respektiv e Fürerschäin agezunn

Andy Brücker
D'Police hat um Sonndeg den Owend nawell all Hänn voll ze dinn uechter d'Land.
© Police Lëtzebuerg

E Sonndeg de Moie fréi gouf en Accident an der Rue du Sanatorium zu Veianen gemellt. En Automobilist war mat sengem Gefier an e Luuchtepotto gerannt. Souwuel den Alkohol-, wéi och den Drogentest ware positiv. De Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.

E Sonndeg den Owend hat et op der N15 bei Wolz gerabbelt. Och hei war Alkohol am Spill an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

E Sonndeg géint 23 Auer gouf en Automobilist gemellt, deen op der A7 am Zickzack ënnerwee wier. Eng Policepatrull konnt d’Gefier stoppen an den Alkoholtest beim Chauffer war positiv. E Fuerverbuet war d’Konsequenz.

Quasi ëm déi selwecht Zäit huet eng Policepatrull en Auto um Parking “Däich” zu Ettelbréck kontrolléiert. Dobäi ass de Beamten de Cannabisgeroch am Gefier opgefall. Den Drogentest beim Chauffer war positiv, iwwerdeem d’Pneue vum Auto alles anescht wéi an der Rei waren. E Protokoll gouf geschriwwen.

Kuerz virun Hallefnuecht krut d’Police dann nach gemellt, dass zu Esch op der Héicht vun der Place des Sacrifiés 1940-1945 en Auto geparkte Gefier gesträift hätt an dunn awer weidergefuer wier. Eng Policepatrull konnt de presuméierte Schëllegen kuerz drop untreffen. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO