
An der Nuecht gouf et ee Blesséierten no engem Accident op der Tréierer Autobunn a Richtung Stad tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald. De CGDIS mellt, dass sech beim Accident géint 1.30 Auer eng Camionnette an e Camion ze pake kruten. Eng Ambulanz vum Findel war am Asaz.
Géint 2 Auer an der Nuecht gouf et ee Virfall un der A1, dës Kéier allerdéngs zu Gléck ouni Blesséierter. Um Boulevard Pierre Werner an der Stad gouf de Policebeamte virun der Opfaart vun der A1 eng Persoun gemellt, déi warscheinlech ze déif an d’Glas gekuckt hat an déi ouni vill Erfolleg probéiert huet, e Pneu um Auto ze wiesselen.
Op der Plaz hunn d’Beamten du festgestallt, datt déi betraffe Persoun virdrun een Accident hat a widder d’Leitplanke geknuppt war. De viischte Pneu op der Bäifuerersäit ass doropshi geplatzt an den Auto huet sech gedréint, ier en dann an der falscher Richtung op der Autobunnsopfaart zum Stoe koum. De Polizisten ass relativ séier opgefall, datt de Chauffer sech nëmmen nach mat Méi konnt riicht halen. Een Alkoholtest huet de Verdacht confirméiert an de Chauffer krut ee provisorescht Fuerverbuet. Den Auto gouf iwwerdeems ofgeschleeft.
Ee méi schroen Accident gouf et da wuel nach e Samschdeg de Moien um 7.20 Auer um Findel, wéi an Tréiererstrooss en Auto accidentéiert ass. Eng Ambulanz an ee Samu-Team vum Findel waren op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren.