EU-Kommissär fir Klima- a Steierfroen zu LëtzebuergEnergietransitioun misst méi séier weiderkommen, Bierger awer och ënnerstëtzt ginn

Jeannot Ries
Den EU-Kommissär fir Klima- a Steierfroen mécht en Appell un all déi 27 Memberstaate méi séier mat der Energietransitioun weiderkommen. Méi iwwerraschend ass dem Wopke Hoekstra seng Ausso, datt een dobäi net op Atomenergie verzichte kéint.
"Europa muss a Punkto Energie méi onofhängeg ginn"
Op Visitt zu Lëtzebuerg huet den EU-Kommissär fir de Klima Wopke Hoekstra fir d’Energietransitioun an deemno och eng Klimaneutral EU plädéiert.

“Erneierbar Energien, also Solar a Wandenergie, Atomkraaft, all dës Elementer mussen dréngend ausgebaut ginn.” Dat seet de Wopke Hoekstra am RTL-Interview.

Den Hollänner mécht en Appell un all déi 27 Memberstaaten. Et misst ee méi séier mat der Energietransitioun weiderkommen. Europa soll jo bis 2050 klimaneutral ginn. Méi iwwerraschend a grad aus Lëtzebuerger Siicht net onëmstridden, ass dem Wopke Hoekstra seng Ausso, datt wann een dat Zil erreeche wëll, een net op Atomenergie verzichte kéint. Wat elo d’EU-Bierger selwer ubelaangt, do wier et onheemlech wichteg, datt d’Politik jidderee mathëlt. D’Leit wärend der Transitioun ënnerstëtzen an déi néideg Ressourcen zur Verfügung stellen, fir datt all d’Bierger dat kënne maachen.

Wat den Iran-Krich ubelaangt, sou géife mer all gesinn, wat mat de Präisser op der Pompel geschitt. A wa mer wierklech éierlech sinn, kënne mir als Europäer wéineg dogéint maachen. D’EU-Kommissioun hätt d’Rechnung gemaach. Zanter dem Ufank vum Iran-Krich hätten d’Europäer iwwer 20 Milliarde méi fir Energie ausgi wéi fir déi selwecht Volummen am Januar oder Februar. 2022 wiere mir de Russen ausgeliwwert gewiescht. Elo den Evenementer am Iran.

Zwee Mol bannent 5 Joer. Mir sollen ons selwer keng Illusioune maachen. Et gëtt keng Garantie, datt et net nach emol geschitt. A mir sollen eis keng Illusioune maachen, wat dës Kris ubelaangt. Et kéint an e puer Wochen eriwwer sinn. Awer mir wäerten déi wirtschaftlech Auswierkunge weider wärend Wochen a Méint spieren. An dat, éierlech gesot, nëmmen am beschte Fall. Mir kéinte mat enger aussergewéinlecher Wirtschaftskris konfrontéiert ginn, mat Bléck op dat, wat am Mëttleren Oste schonn ugefaangen

Weider Themen am RTL-Interview waren d’Reform vun der Tubakssteier op EU-Niveau a wéi den EU-Politiker sech vis-à-vis vun der Iddi vun zum Beispill engem Pfand op Plastik steet.

Back to Top
CIM LOGO