Méi wéi eemol gouf betount, datt Lëtzebuerg den héchsten Zouwuess vun Energiepräisser zanter dem Ufank vum Joer hätt, datt d'Präisser wuel och an anere Länner klammen, mee Lëtzebuerg de Rekord brieche géif.
Den Energieminister Claude Turmes huet erkläert, wisou Lëtzebuerg Eurostat no op éischter Plaz steet.
"Wann een dat Land an Europa ass mat den niddregste Steieren op Diesel a Bensinn, dann ass et evident dat wann d'Weltmaart-Präisser klammen, een dat Land ass, wat - relativ gesinn - déi gréissten Hausse huet. Eigentlech seet Eurostat näischt aneres, wéi datt Lëtzebuerg déi niddregst Steieren op Diesel a Bensinn huet an Europa an dofir ass d'Hausse hei am Land sou héich."
De Claude Turmes huet betount, datt ee Solidaritéit misst géintiwwer deene Leit weisen, déi am meeschten ënnert dëser Hausse leiden an datt een zum Beispill garantéiere kéint, datt dëse Wanter keen de Gas oder Stroum ofgespaart kritt.
Fir manner ofhängeg vu fossillen Energien ze ginn, géif een zum Beispill a Punkto Renovatioune vun Haiser konkret un dräi Punkte schaffen. D'Primme solle manner bürokratesch ginn, eng Virfinanzéierung iwwer e Bong soll méiglech sinn an eng sozial Stafflung, datt Leit mat manner Revenu méi Primme kréien, huet de Claude Turmes nach erkläert.
Ma net d'Grënn fir d'Präisser stoungen am Zentrum vun där Debatt, mee vill méi, wéi een de Leit hëllefe kann, déi am stäerksten dovu betraff sinn.
Fir de Gilles Roth vun der CSV wier et net de Rôle vun der Politik, de Leit permanent Verbueter virzeleeën, mee:
"Sech ëm déi bestoend Suerge vun de Leit ze këmmeren: D'Explosioun vun den Energiepräisser, vun de Logementspräisser, d'Explosioun vum Aarmutsrisiko an dat ass och eng ëmmer méi grouss Steierlaascht, besonnesch fir déi grouss Mëttelschicht."
De Phänomen vun der Aarmut en general misst un der Wuerzel gepaakt ginn, huet de gréngen Deputéierte François Benoy betount. Et bräicht een a sengen Aen eng méi gerecht Steierpolitik.
"D'Stéit mat méi klenge Revenuë mussen allgemeng entlaascht ginn, fir datt se net sou schwéier getraff sinn vun esou Situatioune wéi där heiten a se an Zukunft och besser selwer stemme kënnen."
De Fred Keup vun der ADR huet betount, datt ee sech bewosst wier, datt d'Regierung d'CO2-Steier net méi wäert zréck zeien, huet dofir awer eng aner Fuerderung gehat. Déi geplangten Erhéijungen, déi 2022 a Kraaft sollen trieden, sollte fir ee Joer ausgesat ginn.
Eng Motioun vun de Majoritéitsparteie gouf ugeholl déi fuerdert, datt d'Situatioun vun der Energieaarmut am Ae behale gëtt, gekuckt gëtt ob weider Mesuren néideg si fir Haushalter mat klengem Akommes ze entlaaschten an och vun energetesche Primme profitéiere kënnen.
D'Energiepräisser waren den Donneschdeg de Moien och Thema op der RTL-Antenne, wou den Invité de Wirtschaftsminister Franz Fayot war.