Gemeng Rouspert-MompechEn neit Wandrad gouf installéiert

Christophe Hochard
Bis viru kuerzem gouf et an der Gemeng Rouspert-Mompech 4 Wandrieder. Zanter 1996 waren dës am Asaz an hu grénge Stroum produzéiert.
Eng nei Wandmille gouf zu Mompech installéiert
Bis viru kuerzem gouf et an der Gemeng Rouspert-Mompech 4 Wandmillen. Zanter 1996 waren dës am Asaz an hu grénge Stroum produzéiert.

Iwwer de Summer gouf eng nei, méi performant Anlag installéiert. Et ass eng eenzeg Maschinn, déi awer méi effikass ass, wéi de ganze viregte Wandpark.

Dat neit Wandrad zu Mompech fält engem scho vu wäitem an d'A. Kee Wonner, si kënnt op eng Gesamthéicht vun iwwer 206 Meter.

Zanter dem 20. August ass dëst Wandrad a Betrib. Bis dohinner war op där selwechter Plaz e Wandpark vun am ganze 4 Reider. Wärend 24 Joer huet dëse Stroum produzéiert.

Dës nei Anlag ass eng vun der neister Generatioun. Si produzéiert 3 Mol sou vill Energie ewéi déi 4 Wandrieder, déi virdrun hei stoungen. Am Norde vun Däitschland gouf déi nei Maschinn gebaut an iwwer de leschte Summer an der Gemeng Mompech/Rouspert installéiert.

6,5 Gigawatt Stonne Stroum wäert dëst neit Wandrad uewen op der Kopp zu Mompech produzéieren.

D'Firma Soler bedreift aktuell 39 Wandrieder hei am Land. Wandkraaft soll net nëmmen am Éislek bedriwwe ginn. Och am Guttland wär dëst méiglech.

Nohalteg an erneierbar Energie wär wichteg. Dobäi wär Wandenergie a Photovoltaik complementaire.

Back to Top
CIM LOGO