Xavier BettelEn Etat de crise soll wa méiglech evitéiert, ma kann net ausgeschloss ginn

RTL Lëtzebuerg
"Wa mir e Mëttwoch géingen en Text unhuelen, da wier ech frou wann, deen e Samschdeg kéint gestëmmt ginn", esou de Xavier Bettel.

De Moment de vérité ass Mëtt dëser Woch, hat de Premier Xavier Bettel et d’lescht Woch an der Chamber ugekënnegt. D’Regierung wëll weiderhin alles maachen, fir een zweete Lockdown ze verhënneren, mä seet gläichzäiteg, et kéint een näischt ausschléissen. An Tëschenzäit hunn déi 3 Nopeschlänner Frankräich, Belsch, Däitschland nei Lockdowns a Kraaft. Wéi eng Mesuren hei am Land preparéiert ginn, ass net gewosst. Et gëtt op Mëttwoch verwisen, wou den nächste Regierungsrot beieneen ass, fir de Point ze maachen iwwert d’Entwécklung vun de Covid-Zuelen. Dat sinn net just d’Neiinfektiounen, mä och d’Occupatioun vun de Better an de Spideeler an d’Wäerter an de Kläranlagen.

Wann d’Regierung e Mëttwoch nei Mesuren decidéiert, da wier d’Ausruffe vum Etat de crise net néideg, wann déi entspriechend Gesetzännerunge bannent e puer Deeg kéinte gestëmmt ginn, sou de Premier iwwregens de Weekend um 100,7. „Wa mir e Mëttwoch géingen en Text unhuelen, da wier ech frou, wann deen e Samschdeg kéint gestëmmt ginn“, esou de Xavier Bettel. Wann dat net méiglech wier, misst ee kënnen awer iwwert den Etat de crise diskutéieren.

D’CSV seet op Nofro hin, se géing am Laf vum Dag iwwert dës Aussoe beroden. Informatiounen iwwert potentiell nei Mesuren hätt d’Oppositiounspartei net.

Vott an der Chamber iwwer de Covid-Gesetzprojet: De „Moment de vérité“ ass Mëtt nächster Woch

Back to Top
CIM LOGO