Kritik un neie BëschweeërËmweltministesch enttäuscht iwwer Aussoe vum Mouveco

RTL Lëtzebuerg
Um weltwäiten Dag vum Bësch huet de Mouveco an engem RTL-Reportage gesot, de Bau vun neie Bëschweeër wier e Grond wisou d'Bëscher geschwächt sinn.
© RTL Archivbild

Ma den Ëmweltministere wollt dat net op sech sëtze loossen. Et wier ee sech de Problemer vun de Bëscher bewosst, seet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

"Dofir kucke mir haut ganz besonnesch, och grad wa mir als ëffentlechen Acteur mat de Gemengen zesummen am Punkto Bësch schaffen, dass dat nohalteg ass. Dozou gehéiert och, dass schonn en Moratoire op de Weeër ass. Dat heescht et gi keng nei Weeër geplangt. Déi Weeër, déi gemaach sinn, si ganz oft Weeër, déi entweder schonn do sinn oder gebraucht ginn, fir d’Bëschbewirtschaftung, déi ginn och haut d’ailleurs alleguerte mat natierlech Material, natierlechem Gestengs gemaach.”

D'Ministesch wier och enttäuscht, dass de Mouvement Ecologique déi Probleemer net scho virdrun ugeschwat huet. Schliisslech hätt ee sech réischt viru kuerzem getraff, fir iwwert genau dëse Sujet ze diskutéieren.

Bëscher a schlechtem Zoustand: Mouvement Ecologique fuerdert méi Juegd

Back to Top
CIM LOGO