Parlamentaresch FroËmsaz vu Lëtzebuerger Industrie a Corona staark agebrach

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert de Wirtschaftsminister Franz Fayot op d’Question élargie vum DP-Deputéierten André Bauler.
© AFP

Lëtzebuerg huet ronn 770 Industriebetriber, déi eng 37.000 Leit beschäftegen. A normalen Zäiten ass dëse Secteur fir 5,7 Prozent vum Nationale Räichtum zoustänneg, mat engem Ëmsaz vun 14,5 Milliarden Euro. Ma och wann d'Industrie och am Lockdown net huet missen zoumaachen, ass d'Demande dach awer ferm zeréckgaangen, esou de Wirtschaftsminister en Dënschdeg virun den Deputéierten am Cercle. De Franz Fayot huet verséchert, sech selwer bei enger Rei Betriber e Bild gemaach ze hunn.

Extrait Franz Fayot (1)

Bei de Visitt wier däitlech ginn, dass virun allem de Manktem u Personal am Fréijoer d’Betriber dozou bruecht hätt, hir Produktioun erofzefueren. Wéinst Krankheetsfäll oder dem Congé pour raisons familiales hätt nämlech e wichtegen Deel vum Personal gefeelt. Den Ëmsaz wier Stand haut ëm 30 bis esouguer 40 Prozent gefall.

E weidere Grond ass, dass d'Clientë vun deene meeschte Betriber selwer am Lockdown waren an et dowéinst forcement manner Opträg gouf. Ma och d'Fournisseuren an d'Zouliwwerer vun den Entreprisen hu net méi geschafft, esou dass dacks d'Matières Première gefeelt hunn. E grousse Problem, deen de Lëtzebuerger Betriber Schwieregkeete bereet huet, esou de Franz Fayot weider, war, dass d'Grenzen zougemaach goufen.

Trotz de Schwieregkeete misst een all Betrib individuell kucken, et géingen och Entreprisë ginn, déi d'Krise den Ament nach gutt iwwerstinn. De Retour vum Terrain hätt dann och gewisen, dass d'Hëllefen vu der Regierung gutt géingen ukommen.

D'Entreprisen hätten och de néidege Reiz kritt, fir z'investéieren, esou de Wirtschaftsminister.

Extrait Franz Fayot (2)

Zum Beispill géingen Entreprisë vun der Co-Finanzéierung profitéieren, wann een an d’Digitaliséierung wéilt investéieren. Et géing ee mierken, dass eng Rei Betriber trotz de schwéieren Zäite wéinst dësem Hëllef-Modell géingen investéieren.

Am Kader vun der Aktualitéitsstonn wëll de Minister Franz Fayot op déi verschidde Mesuren zeréckkommen.

Back to Top
CIM LOGO