Fleegeheem "Schlassbléck" zu VeianenÉischte Besuch no 8 Wochen ouni direkte Kontakt

Lynn Cruchten
Zënter leschtem Samschdeg kréien d'Leit, déi am Fleegeheem zu Veianen liewen, erëm Besuch.
null
Zënter leschtem Samschdeg kréien d'Leit, déi am Fleegeheem zu Veianen liewen, erëm Besuch.

Visitten am Fleegeheem zu Veianen / Rep. Dany Rasqué

Vill Famillen hu sech bal zwee Méint net gesinn a si frou, datt dat elo erëm méiglech ass, och wann een natierlech verschidde Konditioune muss respektéieren. Mir hu misse kucken, wéi mer am meeschte Leit ënner séchere Konditioune kënnen eraloossen, seet de Jean-Claude Meyers, de Chargé de Direction vum Fleegeheem "Schlassbléck".

Sécherheet op där enger Säit fir d'Pensionären, op där anerer Säit awer och fir hir Famillen.

De Jean-Claude Meyers: "Mir hunn eis esou organiséiert, datt d'Leit e Rendez-vous mussen huelen an et kënnen och just 7 Leit den Dag kommen. Fir d'éischt hu mer geduecht, dat géif iwwerhaapt net duer goen, mir hunn awer gesinn, datt dat gutt erausgeet. All déi Leit, déi wëlle Besuch kréien, déi kënnen en tatsächlech kréien, op d'mannst ee bis zwee Mol d'Woch ass den Ament méiglech."

Et kann ee sech awer net am Zëmmer vum Pensionär gesinn, mä an engem vun deenen zwee Säll, déi elo extra fir Visitte virgesi sinn.

De Jean-Claude Meyers: "D'Leit kënnen do op Besuch kommen zu zwee, maximal eng hallef Stonn. Dono gëtt de Sall eng Kéier ofgemaach, desinfizéiert an da gëtt en eng hallef Stonn laang gelëft. Parallel dozou hu mer dann en zweete Sall, wou déi Zäit déi aner Famill kann erakommen."

D'Monique an de Carlo Scheuren waren hir Mamm zu Veianen besichen, wéi d'RTL-Ekipp op der Plaz war. Et war eng laang Zäit, soe si, an et wier am Ufank och net einfach gewiescht, hirer Mamm bäizebréngen, firwat si elo op eemol net méi kéinten op Besuch kommen.

D'Monique an de Carlo Scheuren: "Dat war jo eng Situatioun, déi nach ni war. Eng Kéier ass et gutt gaangen an da war se awer erëm duercherneen, mä si huet dat awer trotzdeem verstanen. Wat zwar ganz gutt hei am Haus war, ass, dass si eis ugeruff hunn, iwwer Facetime, da konnte mer mat der Mamm schwätzen a si huet et am Ufank och net verstanen, firwat mir net konnte bei si kommen. Elo zum Schluss huet se dat awer verstanen, well se dat dann och heiansdo bei Iech um Fernsee gesinn huet."

Déi laang Zäit, an där d'Famille sech net gesinn hunn, huet fir verschidden Awunner aus dem Fleegeheem och Konsequenzen. De Jean-Claude Meyers seet, et géif opfalen, datt verschidde Pensionären, virun allem déi, déi Demenz hunn, hir Famillen net ëmmer erëmerkennen. Dat léich zum Deel awer och un der Mask, déi d'Visiteuren natierlech mussen undoen.

Back to Top
CIM LOGO