Medikamenter, Impfstoffer oder medezinesch Traitementer sollen esou séier wéi méiglech kënnen agesat ginn.
Zu Lëtzebuerg huet sech d'Fuerschungs-Gemeinschaft zesummefonnt, fir d'Ressourcen zesummenzeleeën an esou beschtméiglech kënnen op oppene Froen ze recherchéieren. An den nächsten Deeg soll mat enger Etüd erausfonnt ginn, wéi wäit de Virus an der Populatioun verbreet ass.
RTL-News: Fuerschungsprojet Con-Vince: Wéi ass de Coronavirus an der Lëtzebuerger Bevëlkerung verdeelt? Am Ausland ginn néi Therapieforme wéi den Traitement mat Immun-Plasma gefërdert. Éischt Resultater aus Südkorea si positiv, och wa grouss klinesch Etüden nach feelen. Technesch wier et méiglech, zu Lëtzebuerg Bluttplasma fir Covid-19-Patienten hierzestellen an et gëtt och un engem Plang geschafft, ma et sinn nach vill Inconnuen. Dat sot de Claude Braun, medezineschen Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman, am RTL-Interview.
D'Diskussioun iwwer Masken droen oder net huet och Lëtzebuerg erreecht. An enger Etüd, déi an Nature publizéiert gouf, gëtt gewisen, datt schonn normal chirurgesch Masken d'Verbreedung andämmen. A vereenzelt Virologen an Europa weisen drop hin, datt och Stoff-Masken oder en einfache Schal scho kënnen en Impakt hunn. Och de Lëtzebuerger Dokter Marc Diederich, deen den Ament zu Seoul a Südkorea ass, sot am RTL-Interview, Maske wieren e Schutz fir déi aner an ee selwer.