De Charel ass ee vun dësen 29 Kanner. Hien ass 13 Joer al an ass e Kand mat spezifesche Bedürfnisser. Eng spezialiséiert Pedagogin betreit de Jong a senger Entwécklung.
Am Ganze ginn 148 Kanner hei an den Unterrecht. Si sinn an de Cyclen 1 bis 4 opgedeelt. Eng multidisziplinär Ekipp këmmert sech ëm si. Zanter 2008 versicht d'Personal sech ëm Inclusioun ze beméien. Fir hir Verdéngschter an dësem Beräich gi si dëst Joer mam Präis "Zesummen" ausgezeechent.
Léierpersonal, Erzéier, Ergotherapeuten: D'Lëscht u Personal ass grouss. 40 Leit si fir d'Kanner zoustänneg. Si gi mat vill Leidenschaft un hir Aarbecht erun. Dorënner och de Ben Wagener. Hie schafft hei als Schoulmeeschter.
Inclusioun fir Kanner mat spezifesche Bedürfnisser ass wichteg. Hei zu Lëtzebuerg wär awer nach Loft no uewen.