Brand zu PéitengEeler Fra kënnt nach op der Plaz ëm d'Liewen

RTL Lëtzebuerg
Zu Péiteng huet et vun e Sonndeg op e Méindeg, kuerz virun 3 Auer, an engem Eefamilljenhaus gebrannt.
Brand zu Péiteng
Eeler Fra kënnt nach op der Plaz ëm d'Liewen.

Kuerz virun 3 Auer gouf de Brand am Haus gemellt. D'Feier war aus ongekläerte Grënn an engem Schlofzëmmer um Rez-de-Chaussée ausgebrach. Déi 76 Joer al Bewunnerin ass un de Suitte vum Feier gestuerwen.

Op der Plaz waren ënnert anerem d'Ambulanze vu Péiteng a vun Esch, genee wéi de Samu, an d'Pompjeeë vu Péiteng, Käerjeng, Déifferdeng an Diddeleng. Duerch hir Hëllef konnt en Iwwergräifen op aner Gebaier evitéiert ginn.

Keng Persoun koum soss zu Schued. D'Ermëttlungen op der Plaz lafen, eng Autopsie vun der Läich gouf ordonéiert. D'Haus, dat op béid Säiten ugebaut war, gouf komplett zerstéiert.

Back to Top
CIM LOGO