Horeca-SecteurEe Joer Covidkris: Kreativ an optimistesch an d’Zukunft

Monique Kater
Dass et de Caféen, Restauranten an Diskothéiken zënter elo engem Joer alles anescht ewéi gutt geet, ass gewosst.
Erëm eng Kéier an de Restaurant ze goen?
Wéi kéint eng Reouverture ausgesinn, mir ware bei déi Betraffe selwer kucken.

Trotzdeem kloe si den Ament wéineg bis guer net, well d'Hëllefe vum Staat effektiv eppes géife bréngen. D'Onsécherheet, wat d'Zukunft ugeet, bleift trotzdeem, well och, wann et an nächster Zäit zu enger Ouverture ënner Konditioune kéim, dierften d'Hëllefe wéi de Chômage partiel, op kee Fall ewechfalen. D'Monique Kater huet sech mat 3 Patronen aus dem concernéierte Secteur ënnerhalen.

Bei si kann een den Ament Buffe siche kommen. Si, dat sinn déi vum Hitch um Glacis. An normalen Zäiten ass ee wuel duer iesse gaangen, allerdéngs mam Hannergedanken op Party a Gas ginn, fir ze verdauen. Dee Volet ass gelaf zënter leschtem Joer. An de Grupp mat sengen 11 Etablissementer an 180 Mataarbechter leeft op Spuerflam. Mee d'Hëllef vum Staat leeft ewell, soen d'Proprietären, déi trotzdeem fäerten, dass dee Congé partiel bei enger Reouverture mat Konditiounen ewech kéint falen.

Eraus gehäit hätt ee bis elo keen. Grad wéinst dem Congé partiel wier dat net néideg gewiescht. Um Fëschmaart, am Tiermchen hannert dem Palais, bléist en anere Wand. Deen ass den Touristen egal, well däe si keng do, bedauert d'Cheffin. Si wëll hire Betrib a seng Kaart méi attraktiv maache fir eng méi breet Spart vu Leit, a knat, fir hiren Tour, nach ëmmer un den éischte Covid-Méint ouni Hëllefen.

Dass een esou laang op d'Formulairen online misst waarden, an et esou laang géing daueren, bis d'Sue kéimen, wier e grousse Problem.

Problemer kenne se am Neiduerf och, eleng den Teletravail huet der Chapelle Clienten ewechgeholl. Ouni Hëllefe kéinte si hir Rechnungen trotzdeem net méi bezuelen. Iwwer 7 Méint wier de Restaurant elo zou – mee och wann en nees op ass, bleiwe si bei hirem gemëschte Konzept Resto plus Epicerie.

RTL-News: Alain Rix am RTL-Interview: "Mir kéinten en Deel vun der Léisung sinn, wa mer erëm kéinten opmaachen"

Back to Top
CIM LOGO