
Wéi d'Police schreift, wollt en Automobilist en aneren Auto iwwerhuelen, huet awer eréischt am Manöver gemierkt, datt een entgéint koum. Fir eng Frontalkollisioun ze verhënneren huet hien op seng Spuer zréckgezunn, ass awer dunn an den Auto gerannt, deen e wollt iwwerhuelen. Béid Autoe gouf widder d'Leitplanke geschleidert a ware komplett Schrott.
Dem Chauffer, deen den Accident verursaacht huet, ass näischt geschitt, iwwerdeems d'Fra am 2. Auto ënner Schock stoung a liicht blesséiert gouf.