Police enquêtéiertKeng Gefor, datt d'Feier vum BENU Village hätt kënnen iwwersprangen, esou den Escher Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
Beim fréiere BENU Village zu Esch um Boulevard Kennedy huet et um Méindegmoien nach verbrannt gericht.
Een Dag nom Feier am BENU Village zu Esch-Uelzecht
Zu Esch um Boulevard Kennedy huet et um Méindegmoien nach verbrannt gericht.

Bis Hallefnuecht waren eng 30 Pompjeeë bannent knapp véier Stonnen amgaangen, d’Feier um Site zu Esch ze läschen. D’Läschaarbechten hu sech als schwiereg erwisen, well d’Pompjeeën net un d’Feier komm sinn. Eng Bau-Entreprise huet hinnen op der Plaz missen hëllefe bäizekommen, andeems se zum Beispill Deeler vum Dach an der Fassad ofgedroen hunn.

Brand am Benu-Village - Reportage Diana Hoffmann

Den Escher Buergermeeschter Christian Weis sot am RTL-Interview, hie wier e Sonndeg den Owend géint 18:50 Auer ugeruff ginn a wier direkt op d'Plaz gefuer. Wéinst de Läschaarbechte vun de Pompjeeë goufen e Sonndeg den Owend an deem Eck och eng Rei Stroosse fir den Trafic gespaart - de Boulevard Prince Henri bis bei d'Kräizung mat der Rue Zénon Bernard, grad ewéi d'Rue d'Audun. Wéi den 112 e Méindeg de Moie matdeelt, gouf beim Feier kee blesséiert. Eng 30 Fraen a Männer vum CGDIS wieren e Sonndeg den Owend awer domat beschäftegt gewiescht, d'Flamen ze läschen, esou de Christian Weis.

"De Problem ass, dass bei engem Feier e Sickerbrand an der Fassad entsteet", erkläert de Buergermeeschter vun Esch, deen op der Plaz war. D’Fassad wier aus Miscanthus-Zille gemaach, déi fest gepresst wieren. Wann et géing brennen, wier et schwéier, ze läschen.

Den Terrain vum Site gehéiert der Stad Esch, a war der BenASBL zur Verfügung gestallt ginn. D’ASBL ass awer entretemps faillite an eng Liquidatioun wier amgaangen. "D’Stad Esch huet awer d’Missioun ugeholl, fir de Site no an no ofzebauen", seet de Buergermeeschter. Dëst géing an e puer Phase geschéien. Den éischten Deel wier schonn ofgerappt ginn. Dëst nodeems et schonn de 26. an den 28. Dezember 2023 zu Bränn um Site komm war. Deen Deel, deen dann e Sonde gebrannt huet, sollt eigentlech an den nächste Wochen ofgerappt ginn.

Wien d’Responsabilitéit hätt, wann um Site eppes géing geschéien, déi Fro konnt de Christian Weis net direkt beäntwerten. "Ech hunn de Moien de Message nach eng kéier weiderginn, dass mir als Gemeng nach eng Kéier op de Site kommen an d’Dieren nach eng Kéier verbarrikadéieren", betount hien. Och wann hie wéisst, dass et Realitéit wier, dass déi meescht Clôture keen dovunner kéinten ofhalen, dee wéilt op de Site kommen. Beim Feier e Sonndeg den Owend hätt op alle Fall keng Gefor bestanen, dass d’Feier hätt kéinten op aner Gebaier iwwergoen. Dat wier net méi de Fall, zanter de Site méi kleng wier. Wéi et zum Brand konnt kommen, kann de Christian Weis awer nach net soen. Dat wier elo Géigestand vun enger Enquête. Och wat zum Brand 2023 gefouert huet, géing nach ermëttelt ginn.

Schonn nom Brand virun dräi Joer war decidéiert ginn, dass dat wat nach um Terrain ass, soll ewech kommen. Well grad de grousse Chantier vun der Rouder Lëns niewendru wier, wou en neie Quartier entsteet, wier geplangt, dass e Parking mat 80 bis 90 Plaze soll dohinner kommen.

De BENU Village war als Projet fir Circular Economy 2019 ageweit ginn. Dobäi huet et sech em eng Zort Beschäftegungsinitiative gehandelt an der Logik vum Upcycling. Schonn 2023 koum et zu éischte finanzielle Schwieregkeeten. Am Dezember huet d’BENU Village dunn definitiv zougemaach. Kuerz drop koum et zum Brand um Site. "De Projet war finanziell ëmmer schwéier", betount de Christian Weis. De Projet hätt vun der Stad Esch ëmmer nees Subsiden a weider finanziell Ënnerstëtzung kritt. Um Enn hätt en sech awer net kënnen halen. "Vläicht war d'Ambitioun fir de Projet einfach ze grouss", stellt de Christian Weis fest.

Hei fannt Dir nach emol een Artikel zu den éischte Feieren am BENU Village:

Back to Top
CIM LOGO