PoliceE Mann gouf beim Fräiheetsbam iwwerfall a koum blesséiert an d'Spidol

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 15.25 Auer gouf op engem Parking op der Héicht vum Fräiheetsbam e Mann vun 2 Fraen ugeschwat, éier hie vun hannen néiergeschloe gouf.

D'Affer krut eng Auer geklaut an d'Täter si éischten Informatiounen no mat engem groe VW Passat Kombi mat däischte Placke fortgefuer a Richtung Briddel.

D'Affer gouf blesséiert an huet musse fir eng Behandlung an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO