MeteoE lëftegen Donneschdeg, Bam an der Strooss op der N8

RTL Lëtzebuerg
Den nationale Wiederdéngscht hat en «avis de vent fort» erausginn, wéinst Wandvitessen tëscht 70 a 85 Stonnekilometer.
© Domingos Oliveira / RTL

Déi goufe virun allem am fréie Mëtteg erreecht. Alt waren och mol Spëtzte vun no un 100 km/h dran.

Wéinst dem staarke Wand ass ee Bam an d'Strooss gefall, tëscht Kräizerbuch a Sëll. D'Fuerbunn war a béide Richtunge blockéiert.

© Domingos Oliveira / RTL
© www.meteolux.lu

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?Meteo France hat den Norden an den Nord-Oste vu Frankräich iwwerdeems en Donneschdeg als "zone orange" agestuuft, wéinst dem Stuerm. Am Nord-pas-de-calais waren 110 Stonnekilometer éischter d’Reegel.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO