
Do soll e komplett neie Wunnquartier entstoen. No 4 Joer Viraarbecht, wou absënns Etüden a Consultatioune gemaach goufen, soll dësen Urbaniséierungsprojet elo endlech an Ugrëff geholl ginn.
Op de Frichen vun Esch/Schëffleng gouf iwwer 130 Joer Industriegeschicht geschriwwen. Elo soll den 61,16 Hektar groussen Terrain, deen zu 91 Prozent um Territoire vun der Escher an zu 9 Prozent op an der Schëfflenger Gemeng läit, vun der Societéit Agora, déi och schonn d'Frichen vu Belval rekonvertéiert huet, entwéckelt ginn. An de nächste Jore soll e fuschneie Quartier do entstoe mat Fokus op erschwénglechem Wunnraum, erkläert de Claude Turmes. „Et gëtt ongeféier e Quartier fir 10.000 Leit an 30 Prozent vun all de Logemente sinn à coût modéré. Déi gi vun Agora gebaut an duerno iwwerhëlt de Staat oder d'Gemeng déi, fir se ebe fir ëmmer als logement à coût abordable ze hunn. Dat anert ass d'Proximitéit mat Geschäfter, mat aneren Aktivitéiten, fir dass dat e flott Liewen ass, am Kär vum Minett tëscht Esch a Schëffleng."
Donieft sollen d'Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft, d'Mobilité douce an déi urban Mixitéit, also eng gutt Mëschung tëscht Büroen an Wunnraum, eng zentral Roll spillen.
„Dat nenne mer „Eco Quartier made in Luxembourg". Dat heescht, et geet ëmmer drëms, méiglechst vill ëffentlechen Transport, Vëlo, ze Fouss. Zu Esch/Schëffleng - do ginn d'Parkhaiser net méi ënnerierdesch gebaut, do gi se op den Ränner gebaut vum Quartier an iwwerierdesch a vun do aus gëtt dann eng Logistik organiséiert, wéi ee säi Postpak oder seng Akafssache bis Heem kritt. An et geet ëm Mobilitéit, ëm Energie, et geet ëm Economie circulaire, manner Offall. An dann natierlech ganz wichteg, wann mer haut bauen, musse mer och dovun ausgoen, dass et wéinst der Klimaverännerung méi waarm gëtt an de Stadzentren, also musse mer och ganz vill mat Gréngs a mat Waasser, dass déi Quartieren net iwwerhëtzen."
Et géing een hoffen, dass 2027/28 déi éischt Wunnenge fäerdeg sinn. Bis dohinner misst awer nach vill geschéien.
„Mir schaffen elo ganz konsequent zesumme mat den zwou Gemenge fir eben déi ganz Autorisatiounen. T'ass esou, dass d'Arcelor Mittal elo nach eng ganz Rei Saache muss ofrappen. De Site muss nach propper gemaach ginn. A mir profitéiere vum nächsten Joer, fir eben all déi Detailkonzepter mat der Mobilitéit, mat dem Offall, mat der Energie, mat der Economie Circulaire, fir déi elo sou gutt wéi méiglech virzebereeden, fir dass dat een zukunftsweisende Quartier gëtt."
No 130 Joer Industriegeschicht géing natierlech d'Industriearchitekur erhale ginn, an sou och d'Kultur-Ierwen opgewäert ginn, sou nach de Minister fir Landesplanung Claude Turmes.