Bonne Action an der KrisenzäitE jonken Escher hëlleft eelere Leit mam Vëlo

Christophe Hochard
Et geet drëms, fir si Kommissioune maachen ze goen.
Bonne Action an der Krisenzäit
E jonken Escher hëlleft eelere Leit mam Vëlo.

De Sébastien Cayotte ass mat senge 25 Joer gäre ganz aktiv. Am Kader vum Covid-19 wëll de jonken Escher och gären eelere Leit hëllefen. Et geet drëms, fir si Kommissioune maachen ze goen.

Zanter leschte Méindeg ass hien am Asaz. Een Dag mol méi, een Dag mol manner. Hien mécht déi Akeef mat sengem Vëlo, dat komplett gratis. Och wann et aktuell nach nëmmen zu Esch ass, ass de Sébastien och gär bereet, iwwer d’Minettsmetropole eraus ënnerwee ze sinn.

Um Telefon: +32 478 45 44 84 kann een dem Sébastien uruffen a seng Commande opginn.

Back to Top
CIM LOGO