E Freideg de Moie géint 5:45 Auer koum et op der Streck tëscht Sëll a Bruch zu engem Accident, bei deem e Camionschauffer aus bis ewell ongekläerter Ursaach e Bam ze pake kritt huet. Dobäi gouf d'Kabinn vum Camion komplett zerstéiert.
Éischten Informatiounen no hat de Chauffer awer Chance an e gouf just liicht verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Tënten an d'Ambulanz vu Miersch.
D'Strooss huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn, fir dass de Camion kann depanéiert ginn. Um 10:29 Auer koum d'Entwarnung, dass den Accident geraumt wier.
Eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto gouf et dann e Freideg de Moie géint 6 Auer beim Mäerter Hafen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Gréiwemaacher-Mäertert an d'Ambulanz vu Mäertert.