Santé: Réckbléck op déi lescht 7 DeegD'Zuel vun Neiinfektioune klëmmt ëm 165% par Rapport zu der Woch virdrun

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 19. Oktober bis de 25. Oktober goufen et 3.387 Neiinfektioune (+165%) mam Coronavirus. Déi Woch virdru waren et der nach 1.280.
© RTL-Grafik

D'Zuel vu Covid-positive geteste Leit geet och hei am Land weider massiv an d'Luucht. Iwwert d'lescht Woch gekuckt, waren et ronn 3.387 Fäll, wat 165% méi ass, wéi nach d'Woch virdru mat 1.280 Neiinfektiounen, dat bei ronn 60.669 Tester bei Residenten iwwert d'lescht Woch gekuckt. Déi Woch virdru waren et 47.939 Tester.

Altersmoyenne klëmmt

D'lescht Woch ass iwwerdeems d'Altersmoyenne vun de Leit geklommen, déi sech mat Covid-19 ugestach hunn. Hei läit een elo bei 40,3 Joer. De Reproduktiounstaux klëmmt vun 1,17 op 1,52.

Vun den Tester, déi d'lescht Woch gemaach goufen, waren der 5,59% positiv ausgefall, 2,67% waren et der d'lescht Woch.

Quarantän an Isolement

Fir d'Woch tëscht dem 19.-25. Oktober waren 3.948 Persounen a Quarantän (+23%) an 3.239 am Isolement (+93%).

  

0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

24/08/2020

30/08/2020

19%

30%

22%

22%

7%

31/08/2020

06/09/2020

19%

31%

23%

21%

5%

07/09/2020

13/09/2020

24%

24%

24%

20%

7%

14/09/2020

20/09/2020

30%

23%

23%

18%

6%

21/09/2020

27/09/2020

30%

25%

21%

18%

6%

28/09/2020

04/10/2020

23%

30%

20%

20%

7%

05/10/2020

11/10/2020

26%

29%

18%

20%

7%

12/10/2020

18/10/2020

23%

30%

18%

22%

7%

19/10/2020

25/10/2020

26%

27%

20%

20%

8%

Kontaminatiounen

Weiderhi bleift d'Famill déi Plaz, wou déi meeschte Leit sech ustiechen, hei sinn et ronn 27,6%. Den Undeel vu positive Fäll klëmmt virun allem am Secteur "Aide et Soins".

PDF: Réckbléck vun der Woch

Back to Top
CIM LOGO