An der FEDIL géif ee relativ fréi gesinn, wat op d’Wirtschaft duer kënnt, sou den Direkter vun der FEDIL René Winkin.
“D’Ingrediente fir eng Kris sinn do. Wéini se elo eklatéiert oder wéini ee seet ‘elo ass d’Faass iwwergelaf’, dat ass dann eng Fro vun Aschätzung an déi géif ech gär der Politik iwwerloossen.”
Virbereeden sollt een dës Tripartite awer schonn.
De René Winkin ënnersträicht, datt et ni ze fréi wier, sech z’informéieren a sech mat de Secteuren auszetauschen. D’FEDIL wier aktuell och mat enger Rei Ministèren am Kontakt, notamment fir ze kucken, wéi eng Auswierkungen déi héich Energiekäschten an d’Penurie-Effekter hunn.
Als fréiere Generalsekretär vum Groupement Pétrolier ass sech de René Winkin sécher, datt d’Baisse vum Pëtrolspräis, déi et e Mëttwoch gouf, nodeems den US-President Trump d’Wafferou mam Iran annoncéiert hat, och bei eis op de Marchéen ukënnt. Hie weist awer an engems drop hin, datt d’Präisser um Donneschden och erëm geklomme sinn. Dat géif weisen, wéi “wackeleg” d’Situatioun nach ass.
Wat déi annoncéiert Hausse vum Mindestloun betrëfft, ënnersträicht de René Winkin, datt déi Upassung jo vum Gesetz hier all zwee Joer virgesinn ass, mä datt se “bëssen onglécklech” fält. Vill Betriber kéinte sech et spueren, datt se zousätzlech Käschten opgedréckt kréien.