Stater GareD'Stroossbuerger Strooss: Méi schéin, méi sécher, méi flott?

Monique Kater
D’Garer Leit hunn eng zimmlech haart Zäit hannert sech.
Rue de Strasbourg
Méi schéin, méi sécher, méi flott?

Dat mam Chantier vum Tram, d’Niewestroossen, an deenen den Trafic ëmgeleet gëtt, d’Infrastrukturaarbechten ënnert dem Buedem. Dat alles mécht hinnen d'Liewen net méi einfach.

Déi geplangten Ännerunge vun der Stroossbuerger Strooss goufe scho méi wei eemol mat den Awunner duerchdiskutéiert an hunn déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg, déi lescht an definitiv Iddien a Pläng presentéiert. A bei deene geet et virun allem ëm d’Sécherheetsgefill.

Si waren ugemellt an hätte sécher léiwer op enger Terrasse gesiess, mee als Garer bleift een um Ball, wann et ëm d’Bessermaachen an hirem Quartier geet. Dës Reunioun war wuel déi mat den definitive Pläng an Iddien, fir deen neie Nilleswee. Ee mat neie Reegele fir déi, déi mam Auto ënnerwee sinn, zum Beispill ass d’Stroossbuerger vun Hollerech erop an Zukunft zou. Vis à vis vun der Spillplaz, virum fréieren Economat, wäerten d’Butteker kënnen eng Terrasse maachen a wann een da weiderfiert, laanscht d’Schoul, Richtung Nei Avenue, lant een an enger 20er-Zon.

Manner Trafic hätt een dann, mee de Plang no, scho nees och manner Parkplazen. D’Awunner, déi do ware fille sech – sou soe se mol - méi wuel an hirer Haut, duerch d’Sécherheetsfirma, déi am Quartier ënnerwee ass.

Méi Pouvoir fir d’Agents Municipaux, wann et Verstéiss gëtt géint d‘Police Reglement vun der Stad – dorunner géif d’Inneministesch schaffen. Wat de "Platzverweis" ugeet – dass also d’Police Leit, déi sech an den Entréeë vun Haiser ze vill wuelfillen, ka vun do fortschécken, deen ass jo schonn éiweg an der Diskussioun a soll deemnächst am zoustännege Ministère seng legal Basis op Pabeier kréien.

Dee ganze Package schéngt de Garer ze gefalen a fir de Rescht verloosse si sech op sech selwer.

Back to Top
CIM LOGO