AMMDD'Sécherheet vu Patienten a Personal/Dokteren ass assuréiert

Maxime Gillen
D'Situatioun vun den Zänndoktere wier eng besonnesch, well den Infektiounsrisiko bei hirer Aarbecht méi héich ass, heescht et vun der AMMD.
AMMD: Secherheet vu Patienten an Dokteren
D'Situatioun vun den Zänndoktere wier eng besonnesch, well den Infektiounsrisiko bei hirer Aarbecht méi héich ass, heescht et vun der AMMD.

Vun e Méindeg u soll op ville Plazen erëm lues a lues kënnen normal geschafft ginn. Dat och bei den Dokteren an Zänndokteren, déi viru gutt sechs Wochen hir Cabinete missen zoumaachen. Ma elo, wou d'Zuele vun den Nei-Infektioune mam Coronavirus ëmmer manner ginn, sollen d'Dokteren erëm dierfe Patienten an hire Praxisse gesinn.

AMMD bereet, fir Patienten z'empfänken / Maxime Gillen

Esou ewéi virun der Kris wäerten d'Dokteren awer nach net erëm kënne schaffen. Dat, well si natierlech fir déi néideg Hygiène an hire Cabinete musse suergen. Grad bei den Zänndoktere wier dat immens wichteg. Dowéinst kruten dës dann och zousätzlecht Schutzmaterial geliwwert. An de Spideeler solle vun e Méindeg un och erëm méi Patiente behandelt ginn. Dofir géifen eng Rei Reegele gëllen, wéi den Dr Philippe Wilmes, Vizepresident vun der AMMD, erkläert.

„Notamment wäert déi ambulant Chirurgie privilegéiert ginn, genau esou, wéi déi kuerz Sejouren an de Spidolsservicer. En attendant, dass eng politesch Léisung zu engem eenzege Covid-Spidol fonnt gëtt, wäerten an all Spidol weider zwee Fluxen, dat heescht Covid an Non-Covid, strikt vunenee getrennt funktionéieren. Woubäi de Covid-Flux ëmmer méi kleng wäert ginn. E spezielle Covid-Flux wäert och an den Urgencen nach eng ganz Zäit bestoe bleiwen.“

Ma wéinst där duebeler Organisatioun kéinten d'Spideeler nach eng ganz Zäit laang nëmmen an engem reduzéierte Modus schaffen, wat zum Beispill zu méi laange Waardezäite kéint féieren. D'AMMD ass dowéinst och dofir, dass ee ganzt Spidol fir Covid-Patiente soll funktionéieren an dës Patienten dann do zentral géife behandelt ginn.

„Dat géif ganz sécher an enger Phas, wou d'Zuelen elo réckleefeg sinn, Sënn maachen, d'Behandlung vum Covid op enger Plaz ze konzentréieren, well et ass wierklech eng riseg Organisatioun an e risegen Opwand an de Spideeler, fir zwee Fluxe separat vuneneen ze halen.“

Och wann een den Ament natierlech nach domat beschäftegt ass, déi aktuell Situatioun ze geréieren, hunn déi Responsabel vun der AMMD kloer Iddien, wat an Zukunft kéint besser gemaach ginn.

„Och wann et haut nach ze fréi ass, fir déi definitiv Schlussfolgerungen ze zéien, esou steet fir eis awer scho fest, dass déi elementar Reformen, déi mir proposéieren, d'Land an d'Leit och op zukünfteg Pandemien däitlech besser virbereede kënnen. Dozou zielen zum Beispill déi ambulant, dezentral Strukturen, zesumme mat de Spideeler gefouert an organiséiert, an deenen een déi ambulant Medezin kann entwéckelen an déi, wa mer se haut gehat hätten, et an der Kris erméiglecht hätten, eng méi breet medezinesch Offer oprecht z'erhalen.“

Et war awer mol nach den Appell un d'Leit, bei gesondheetleche Problemer op kee Fall ze zécken oder ze waarden an hiren Dokter respektiv d'Hotline unzeruffen a sech vun do aus weider guidéieren ze loossen.

Dr. Guillaume Steichen

Back to Top
CIM LOGO