Den 21. August geet et lassD'Schueberfouer annoncéiert sech schonn um Lampertsbierg

RTL Lëtzebuerg
Wann ee vum Kierchbierg a Richtung Glacis kënnt, fänkt et esou lues schonn un no Spéitsummer auszegesinn.

Um viischten Deel vum Parking ass déi lescht Deeg d'Entréesschëld vun der Schueberfouer opgeriicht ginn, mat der aktualiséierter Joreszuel. Een Deel vum Parking ass och schonn zou. Leit, déi mam Auto an der Stad wëlle parken, sollten domat rechnen, datt progressiv ëmmer méi Deeler vum Glacis wäerten zougemaach ginn.

Offiziell lancéiert gëtt déi 686. Editioun vun der Schueberfouer e Freideg, den 21. August. Eng zwou Millioune Leit defiléieren am Schnëtt all Joers laanscht d'Spiller an d'Iessbuden an der Stad. De leschten Dag vun der Schueberfouer ass dëst Joer den 9. September.

D'Schueberfouer annoncéiert sech schonn um Lampertsbierg
Wann ee vum Kierchbierg a Richtung Glacis kënnt, fänkt et esou lues schonn un no Spéitsummer auszegesinn.

Back to Top
CIM LOGO