
Géint 18.30 Auer e Freideg konnt e Mann am Garer Quartier festgeholl ginn, wéi hien Droge wollt verkafen. Hien hat eng 115 Bulle Kokain an Heroin bei sech, déi, genau wéi och den Handy vum Mann, vum Parquet saiséiert goufen. De Mann koum nach e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Kuerz virdru war eng Fra an der Rue Beaumont vun engem jonke Mann iwwerfall ginn. Den Täter hat der Fra d'Posch ewechgerappt an ass dono a Richtung Côte d'Eich fortgelaf. D'Fra gouf net blesséiert, huet awer eng Plainte gemaach.