Campagne "AI is not human"D'Roboterpopp René soll fir d'Risike vun der KI sensibiliséieren

Lynn Cruchten
Kënschtlech Intelligenz ass e staarkt Instrument, mee kee Mënsch. En Chatbot kann a ville Situatioune sécherlech nëtzlech sinn, mee et bleift ëmmer just eng Maschinn, déi weder Emotiounen nach Empathie kann empfannen.
D'Campagne "AI is not human"
D’Roboterpopp René soll fir d’Risike vun der KI sensibiliséieren.

“Moien, mäin Numm ass René. Ech sinn eng KI op engem Holzkierper an engem Retro-Jogging. Meng Aufgab ass et, deene Jonken d’Limitte vun engem Chatbot ze weisen.”

Eng Kënschtlech Intelligenz, déi viru sech selwer warnt. Dat ass net vu Muttwëll an Zäiten, an deenen Chatbots e feste Bestanddeel vum digitalen Alldag vu Jonke sinn. Am “Bee Secure Radar 2026" hu gutt 96 Prozent vun de Leit am Alter tëscht 12 an 30 Joer uginn, se scho benotzt ze hunn. Ronn e Véierel dovu gräift all Dag drop zréck. 17 Prozent stufe KI souguer als Frënd an.

Dem Educatiounsminister Claude Meisch no misst ee beim Notze vun der KI awer ëmmer wëssen, dass et sech net ëm eng mënschlech Interaktioun handelt:

“Wann all fënneften éischter de Wee fënnt bei eng Kënschtlech Intelligenz, wéi bei en anere Mënsch, wéi bei seng Elteren, bei aner Erwuessener, bei och Frënn a Geschwëster, wann et hinnen net gutt geet, wa se perséinlech Gespréicher wëlle féieren, da soll dat eis interpelléieren. Mir wësse Kënschtlech Intelligenz kann eist Liewe wierklech méi einfach maachen, ass och ukomm an der Liewensrealitéit vun deene Jonken. Mee mer mussen och ëmmer drun denken: et huet Grenzen. An d’Grenz ass sécherlech do erreecht, wou mer net méi kloer wëssen: wien ass de Mënsch a wien ass d’Maschinn.”

Eng Maschinn kann dech net an den Aarm huelen, se kann net fir dech denken, se kann nolauschteren, awer net wierklech matfillen. Kënschtlech Intelligenz vergësst awer net, an Eltere sollte mat hire Kanner schwätzen ier KI et mécht. Dat sinn d’Haaptmessage vun der Campagne “AI is not human”, déi och vu Jonke mat ausgeschafft gouf.

D’Lorena Salvaggio, Schülerin am LTETT a CNEL-Member erkläert, firwat Jonker sech u KIe riichten:

“Oft sinn et halt Leit, also Jonker, déi ebe mat enger KI schwätzen. Si fille sech eleng a si ginn dann dohinner an erklären dann hire Problem. Eng KI jugéiert dech net. Eng KI wäert net soen, du hues dat an dat falsch gemaach an déi Jonk fannen et besser mat enger KI ze schwätzen, well se halt net jugéiert ginn.”

En Chatbot als Kolleeg ze froe wier méi einfach, wéi a Realitéit eng Frëndschaft ze knäppen. Ma genee doduerch géife Jonker riskéieren, ëmmer manner sozial ze ginn a sech och manner unzestrengen. De KI-Roboter René soll hëllefen, op all déi Geforen hinzeweisen: “Zum Beispill: KI stëmmt mat allem zou. Ech och.”

Tëscht Abrëll a Juni leeft d’Campagne a se gëtt iwwer verschidde Kanäl verbreet. Nieft Affichen am ëffentleche Raum gëtt op de soziale Medie sensibiliséiert an op der Websäit “nothuman.lu” fënnt een all méiglech Informatiounen a Videoen. Donieft wäert d’Roboterpopp iwwert déi nächst Wochen a Lycéeën an op verschiddenen Eventer present sinn, wou een direkt mam René interagéiere kann.

Et geet drëms ze verstoen: Kënschtlech Intelligenz, déi vum Mënsch entwéckelt a programméiert gouf, bleift en Outil – a keng Persoun!

Back to Top
CIM LOGO