
Am Hibléck op dat neit Covid-Gesetz, wat e Freideg an der Chamber presentéiert gëtt, fuerdert CSV nach eng Rei Upassunge vum Text.
D'CSV vermësst eng kloer Linn, sou de gesondheetspolitesche Spriecher vun der Partei, de Claude Wiseler. Et géifen nach eng Partie Froe ginn, déi gréisser Suerge géinge maachen. Eng konsequent a logesch Exitstrategie géing ëmmer nach feelen, dobäi steet ee kuerz viru weidere Lockerungen. Zu enger erfollegräicher Strategie géingen dann och den Asaz vu Schnell- a Selbsttester zielen. Eng kloer Uweisung iwwert d'Notzung vun dëse léich awer bis elo nach net vir.
Wourunner sech d'CSV stéisst, ass zum Beispill, datt d'Tester aus Schoulen oder dem Jugendsport net unerkannt sinn, fir dono an en Restaurant ze goen. Et kéint jo awer net sinn, datt e Schüler moies en Test an der Schoul mécht, an da fir nomëttes an de Café nach eng Kéier muss ee maachen, sou de Claude Wiseler. Dowéinst revendiquéiert d'CSV eng Gëltegkeetsdauer vun den Tester vun 48 Stonnen, sou wéi dat och an anere Länner, ënner anerem an Däitschland, de Fall wier.
Net nëmme vun dëser Reegelung géinge wuel virun allem Jugendlecher profitéiere kënnen. D'CSV wier och frou, wann ee géing deene Jonken entgéintkommen, déi sech bis elo nach net konnten impfe loossen. Dofir soll alle Bierger zwee Mol an enger Woch e gratis Selbsttest zur Verfügung gestallt ginn.
Doriwwer eraus fuerdert d'Partei awer och méi Rechter fir Geimpften oder och fir Leit, déi Antikierper hunn no enger iwwerstanener Covid-Erkrankung. Datt och dës Leit missten en Test maachen, wier nämlech net koherent. „Hei ass keng kloer Linn erkennbar, an et ass ëmsou méi onverständlech am Hibléck zum eenheetlechen EU-Impfzertifikat", betount de Claude Wiseler. Schliisslech gëllen an dësem och déi Krittären.
Aner Punkten, déi kritiséiert goufen, war d'Sënnlosegkeet vun der Ausgangsspär, an dass se verfassungsrechtlech a Fro ze stelle wier. D'CSV fënnt iwwerdeems, datt beim Cordon sanitaire a Strukturen, wou vulnerabel Leit sinn, misst méi haart duerchgegraff ginn. Fir all d'Mataarbechter missten do d'Tester obligatoresch sinn oder dës misste virweise kënnen, datt se geimpft sinn oder Antikierper am Blutt hunn. Besuergt kuckt een an der Partei och op de Fait, datt fir Evenementer mat iwwer 150 a bis zu 1.000 Leit keng gesetzlech minimal Ufuerderunge verlaangt ginn. Bis elo heescht et nëmmen, datt de Projet muss vum Direkter vun der Santé accordéiert ginn.
D'CSV wäert hir Fuerderung a Form vun enger Motioun erareechen an hir Positioun bei der Ofstëmmung vum Entgéintkomme vun der Regierung ofhängeg maachen, ënnersträicht de Parteipresident.