
Amplaz Lëtzebuerg fir d’Zukunft ze stäerken, sou wéi d’CSV-DP-Regierung sech et virgeholl huet, gëtt just am Krisemodus agéiert a versicht sech bis d’nächst Walen iwwer Waasser ze halen, esou d’Kritik vun déi gréng um Freideg op enger Pressekonferenz, bei där si de Bilan vun der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod gezunn hunn.
Lëtzebuerg hätt eng éierlech a gerecht Finanzpolitik verdéngt, huet Sam Tanson vun déi gréng betount.
“Mir hunn Defiziter am ganze Pluriannuell, an dat war nach virun der Kris, déi am Moment am gaangen ass. Et gëtt keng seriö Géigefinanzéierung fir eng ganz Rëtsch vu Posten, déi en plus sech och net am Pluriannuell erëmfannen, spréch déi faméis Steierreform, spréch och d’Defenseausgaben.”
Déi gréng fuerderen eng fair Finanzpolitik, wou transparent mat Zuele geschafft gëtt a jidderee säi Bäitrag leescht an net just d’Aarbecht, mee och d’Kapital besteiert gëtt. D’Wunnengskris géif sech mat der CSV an DP just weider zouspëtzen.
Meris Sehovic: “Et gëtt haut manner gebaut wéi ënner der Virgängerregierung ënner Blo-Rout-Gréng. E puer Zuele fir dat ze verdäitlechen. 2025 hate mer 1.519 Acte d’achat an der Vefa. 2021 waren et dann nach 3 .300, méi wéi dat duebelt.”
Och a puncto Natur- a Klimaschutz géif d’Regierung hir Verspriechen net halen. De François Benoy huet betount, wéi wichteg et ass, fortzekomme vun de fossillen Energien:
“Et gëtt am Moment wierklech e groussen Drock do bei de Stéit, mee mir gesinn awer d’Regierung, déi, wéi gesot, an de leschter Zäit ëmmer ofgebaut huet an am Moment dann nach grouss Annoncë mécht, mee mir constatéieren, dass dat awer alles Saache sinn, déi scho längst hätte missen en place sinn.”
Dir gréng schwätze vun enger kuerzsiichteger sozial an ökologesch desequilibréierter Politik vun der CSV-DP-Regierung.