
En Dënschdeg de Mëtteg gouf en Iwwerfall op der Place de la Gare am Quartier vun der Stater Gare gemellt, bei deem e Mann vun dräi Täter en Handy geklaut krut. Am Kader vun enger Sich konnten dräi presuméiert Täter vun enger Police opgegraff ginn. De geklauten Handy krut d’Affer kuerz drop nach nees zeréck. D’Ermëttlungen an dëser Affär lafen.