Eng Rei Lieser haten eis eragemellt, datt et um Chantier fir den neien Haaptsëtz vun ArcelorMittal um Kierchbierg zu engem Accident komm wier. Eng Putter aus Stol wier ausser Kontroll geroden a wier vun engem Kran op d'EU-Rotsgebai ënnendrënner gefall. Effektiv ass op der Plaz, an der Rue Galileo Galilei, ze gesinn, datt d'European Convention Center vis-à-vis vum Chantier beschiedegt ass.
E Méindeg huet d'Police eis schliisslech confirméiert, datt et op dëser Plaz zu engem Virfall koum, deen de Beamte schonn den 12. August gemellt gi wier. Hiren Informatiounen no wieren deen Dag dräi Putteren aus Stol aus 60 Meter Héicht, "déi net richteg um Kran befestegt waren", fir d'éischt op de Chantier ënnendrënner gefall an dunn op d'Gebai vum EU-Rot queesch iwwer d'Strooss.
Am Kader vum Aarbechtsaccident wieren d'Leit, déi deen Ament am European Convention Center waren, "virsiichtshallwer evakuéiert" ginn. Zum Gléck koum beim Accident keng Persoun zu Schued - weder um Chantier, nach op der Strooss oder am Gebai vum EU-Rot. Et blouf deemno beim Materialschued.
Nieft der Police war och d'Inspection du travail et des mines (ITM) op der Plaz vum Accident.
No der Publikatioun vum Artikel huet sech ee Spriecher vun ArcelorMittal zum Virfall geäussert an d'Ëmstänn e bësse méi genee beschriwwen. Zum Accident wier et den 12. August géint 14:30 Auer komm. Wärend ee Kran d'Putteren gehuewen huet, wiere se widdert ee Bëtongsdeel geknuppt, wat dozou gefouert huet, datt allen dräi Putteren op d'Strooss ënnendrënner gefall wieren. Et wier kee blesséiert ginn, ma et wier effektiv zu Schied vum European Concevtion Centre komm.
An der Suite vum Accident wier d'Aarbecht direkt gestoppt ginn. No enger Enquête vun der ITM hätt de Chantier den Dag drop, also den 13. August, nees normal ëm 6 Auer kéinten opgemaach ginn.
Wéi et vun ArcelorMittal heescht, géif een um Chantier elo vun all Firma, déi involvéiert ass, verlaangen, datt si eng Sécherheetspersoun designéieren, wann Objete mam Kran gehuewe ginn. Gläichzäiteg gëtt et um Chantier och schonn een Team vu sougenannten "Safety officers".
D'ITM däerf zu konkreten Dossiere keng Informatiounen erausginn, ma hir Spriecherin huet eis op eng Rei generell Froe geäntwert.
Wann d'ITM op d'Plaz geruff géif ginn, géif do fir d'éischt emol d'Situatioun bewäert ginn. Dobäi géif ee kucken, wéi et zum Accident koum - ob zum Beispill "d’Aarbechtsmethoden an d’Sécherheetsmesurë" korrekt waren. Deen Ament géif dann och ofgeschat ginn, ob nach eng Gefor fir d'Aarbechter oder aner Leit besteet.
"Eng temporär Ënnerbriechung vun den Aarbechten oder eng spezifesch Moossnam kann ordonéiert ginn, wann dat néideg ass, fir eng Gefor auszeschléissen. Et ass awer net esou, datt e Chantier no all esou engem Tëschefall automatesch komplett zougemaach gëtt", huet eis d'Spriecherin vun der ITM op Nofro nach erkläert.
Kënnt et zu engem Stopp vun den Aarbechten, däerf de Chantier eréischt nees dann opgoen, "wann déi festgestallte Geforen ausgeschloss sinn an déi eventuell vun der ITM gefuerdert Moossnamen ëmgesat goufen." Ma och hei géif et ëmmer jee no Gefor a Chantier ofhänken.