No Vandalismus a Schoul zu Rued-SirDräi Jugendlecher am Alter vun 13, 15 a 16 Joer identifizéiert

Pierre Weimerskirch
Nom Fall vu Vandalismus an enger Schoul iwwer Ouschteren ass d'Enquête virukomm. Dräi Mannerjäreg stinn am Verdacht, bedeelegt gewiescht ze sinn.
© Christophe Hochard

D’Police huet dräi Mannerjäreger am Alter vun 13, 15 a 16 Joer identifizéiert. Déi Jugendlech solle mat dobäi gewiescht sinn, wéi an der Schoul virun allem elektronesch Geräter muttwëlleg zerstéiert goufen. De Buergermeeschter vu Betzder hat am RTL-Interview vu Schued an Héicht vun iwwer 100.000 Euro geschwat. D’Biller vun der Plaz hu fir vill Onverständnis gesuergt, net nëmme bei de Responsabele vun der Gemeng.

Enquête ass nach net ofgeschloss

Ënnert der Leedung vum Parquet gouf an de leschten Deeg weider enquêtéiert. Dobäi goufen och Perquisitioune bei de Jugendlechen Doheem gemaach, fir erauszefannen, wat hir Roll war. D’Police konnt dobäi verschidde Saache sécherstellen, déi elo analyséiert ginn. Zil ass et, genee ze klären, wéi eng Roll déi eenzel Jugendlech gespillt hunn.

D’Affär fält ënnert de Jugendschutzgesetz, well déi dräi potentiell Täter nach keng 18 Joer hunn. De Parquet schreift am Communiqué, dass déi Jonk deementspriechend och géife bestrooft ginn.

De materiell Schued ass substantiell an et kéint och finanziell Konsequenze fir d’Eltere vun de Betraffenen hunn.

De Parquet ënnersträicht, datt esou Akte vu Vandalismus net banal sinn. Si géifen net nëmmen ëffentlecht Eegentum beschiedegen, mee och de Fonctionnement vun enger Schoul staark beaflossen.

Liest hei dat offizellt Schreiwes vum Presseservice vum Parquet am Detail

Liest hei nach emol den Artikel iwwert de Virfall

Back to Top
CIM LOGO