Aus dem PolicebulletinDräi Festnamen no Drogekontrollen am Garer Quartier, europäesche Mandat d'arrêt zu Munneref ausgefouert

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police eng Rei Festname mat ënnerschiddleche Kontexter vun uganks des Mounts, wéi och e méi oniwwersiichtlechen Asaz zu Déifferdeng an der Nuecht op e Samschdeg.
© Laurent Weber

Den 3., 5. a 7. August hat d'Police judiciaire zesumme mat Beamte vun de Policebüroe Bouneweg, Gare-Hollerech a Gaasperech groussugeluechten Drogekontrollen am Garer Quartier duerchgeféiert, dat am Beräich vun der Hollerecher Strooss.

Insgesamt konnten dräi presuméiert Drogendealer verhaft ginn, ënnert hinne waren der zwee déi beim Verkaf observéiert goufen. Beim drëtte Verdächtege soll et sech der Police no ëm e sougenannte "Bodypacker" gehandelt hunn, also enger Persoun, déi Drogen ofschléckt a se quasi an hirem Kierper transportéiert. Eng Scanner-Kontroll huet dëst dann och confirméiert. Allen dräi Verdächteg goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

Zu Munneref huet d'Police dann de 6. August e Mann festgeholl, géint dee vun de portugiseschen Autoritéiten en europäesche Mandat d'arrêt ausgestallt war. An Zesummenhang mat Drogendelikter hätt hien a Portugal nach eng Prisongsstrof vun zwee Joer an néng Méint missen ofsëtzen. D'Prozedur fir hien un déi portugisesch Police z'iwwerginn, gouf an d'Weeët geleet.

Enquête no Kierperverletzung zu Déifferdeng - Mann mat Stéchblessure fonnt

An der Nuecht op e Samschdeg gouf d'Police dann och op Déifferdeng geruff well et hei eng Ausenanersetzung tëschent méi Leit ginn hätt an och e Mann blesséiert gouf. D'Situatioun wier der Police no oniwwersiichtlech gewiescht well weeder déi implizéiert Persounen nach déi genee Plaz konnte fonnt ginn. Vum CGDIS ass d'Police du gewuer ginn, datt de blesséierte Mann zu Uewerkuer mat Stéchblessure fonnt gouf. Liewensgefor bestoung keng, hie konnt mat där zu Déifferdeng gemellter Ausenanersetzung a Relatioun bruecht ginn. Eng Enquête duerch d'Police technique ass amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO