
Eng éischt Kollisioun gouf et deemno géint 18:20 Auer zu Iechternach an der Route de Wasserbillig. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D'Rettungsekippe vun Iechternach waren am Asaz.
Ee Blesséierte gouf et iwwerdeem, wéi géint 18:29 Auer zwee Autoen op der A4 Richtung Esch op der Héicht vu Leideleng Sud-Pontpierre kollidéiert sinn. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vu Schëffleng an aus der Stad zesumme mat de Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech.
Bei engem Accident mat engem Auto an der Rue d'Anvers an der Stad kuerz no 1 Auer an der Nuecht blouf et iwwerdeem beim Materialschued. Och hei waren d'Stater Rettungsdéngschter am Asaz.
Och am weidere Laf vun e Freideg gouf et Accidenter uechter d'Land: Kuerz viru 15 Auer ass um CR148 tëschent Elleng a Welfreng en Auto verongléckt woubäi eng Persoun verwonnt gouf. D'Secouriste vu Munneref a Réimech waren op der Plaz.
D'Rettungsdéngschter vu Bartreng a Mamer sinn da kuerz no 16 Auer op Bartreng an der Strooss Beim Schlass geruff ginn. Och hei wéinst engem accidentéierten Auto an enger blesséierter Persoun.