CGDISDräi Blesséierter bei Accident zu Keel

RTL Lëtzebuerg
Direkt zwee Accidenter mellt de CGDIS um fréie Méindeg de Moien.
© Laurent Weber

Eng éischte Kéier hat et géint 5.45 Auer zu Keel an der Rue Altrescht gerabbelt, wéi zwee Ween net laanschtenee koumen. D’Rettungsdéngschter vu Keel, Diddeleng an Esch hu sech hei ëm dräi Blesséierter gekëmmert.

Um CR164 waren en Auto an e Wëllschwäin matenee kollidéiert. Och hei waren d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng an Esch am Asaz. Eng Persoun gouf bei dësem Accident tëscht Näerzeng a Butschebuerg blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO