Invité vun der Redaktioun (10. Mäerz)Dr. Paul Hédo, President vun der SLPPP

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie war déi mental Gesondheet vun de Jonken Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Annick Goerens

Wann e Meedchen vu 14 Joer am Erwuessene-Prisong lant, dann ass egal wéi eppes schif gelaf. Do hu Jugendschutz-Mesuren net gegraff. Dat sot den Dr. Paul Hédo en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, iwwert de rezente Fall vun enger Aggressioun vun engem jugendleche Meedchen um Lampertsbierg.

De President vun der SLPPP, der Associatioun vun Psychiateren, Kanner-Psychiateren a Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg, huet erkläert dass déi allgemeng Associatioun tëscht Gewalt a Psychiatrie net gutt wär. Déi allermeeschte Fäll, wou Leit psychiatresch Ënnerstëtzung bréichten, wieren Affer, an net d’Täter.

An d’Psychiatrie gehéiere prioritär Leit, déi eng psychesch Krankheet hätten, an net déi, déi vläicht gewalttäteg sinn.

Et géif ee permanent un d’Grenze vun der Versuergungssécherheet fir Jonker stoussen. An deem Sënn hätt een och leider keng nei Fuerderungen un d’Politik. Dezentral Pluri-ambulant Strukturen – do wär een nach ëmmer ganz wäit ewech vun enger flächendeckender Couverture. Generell stéing ganz vill am Regierungsprogramm, mä et wier nach séier wéineg ëmgesat ginn.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Paul Hédo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO