Reprise vu medezineschen AktivitéitenDr Alain Schmit: "Mir wëllen eis ëm all Patiente këmmeren an dofir si mir do"

Joel Detaille
Vun e Méindeg u kënnen Dokteren a Spideeler nees méi Patienten empfänken. Et ass e weidere Schratt a Richtung Normalitéit.
Reprise vu medezineschen Aktivitéiten
Vun e Méindeg u kënnen Dokteren a Spideeler nees méi Patienten empfänken. Et ass e weidere Schratt a Richtung Normalitéit.

D'Zil vun der Reprise vun de medezineschen Aktivitéite wier et, fir alle Patiente wärend der Pandemie en Accès zu de Soinen ze ginn. Dat soten d’Gesondheetsministesch, Paulette Lenert an den AMMD-President, Dr Alain Schmit, e Mëttwoch am fréien Owend op engem Pressebriefing.

Reprise vu medezineschen Aktivitéiten / Rep. Joel Detaille

D’Handbrems gouf Mëtt Mäerz gezunn, an déi soll elo nees deels gelackert ginn. Et wier elo den Ament, wou ee prett wier, am Gesondheetssystem nees an eng nächst Phas ze goen, sot d’Paulette Lenert.

D'Paulette Lenert: "Et ass eis vun Ufank u bewosst gewiescht, datt et net méiglech ass, fir op d'Dauer d'Gesondheetsberuffer erofzeschrauwen. D'Leit brauchen hir Fleeg, chronesch Patiente musse kënne behandelt ginn, d'Preventiounsmedezin muss kënnen ulafen."

A genee dat geschitt och vun e Méindeg un. Sämtlech Dokteren, ob liberal oder ugestallt, kënnen nees mat hiren normalen Aktivitéiten ufänken. Dat betrëfft och d’Zänndokteren, d'Veterinären a generell sämtlech Gesondheetsberuffer, déi ënnert d‘Kadergesetz vun 1992 falen.

Och d’Centres de soins avancés bleiwe fir Covid-Patiente bestoen, net awer méi fir normal Soinen, déi net corona-liéiert sinn. Donieft ginn d'Ëffnungszäiten ugepasst. Vun e Méindeg u sinn déi 4 Zentren am Land nach vun 10 bis 18 Auer op.

D'Paulette Lenert: "Mir wäerten och weiderhin an ech hoffen och esouguer an Zukunft verstäerkt kënnen op eisen Utile vun Téléconsultatioun zeréckgräifen, deen en Zeeche vun der Zäit och ass, a grad an dëser Covid-Zäit gewisen huet, wéi wichteg e ka sinn. Mir hunn zu dësem Zäitpunkt Urgences dentaires lafen, déi wäerten och bestoe bleiwen. Mir hu Permanencë mat Lignes de gardes an den Alters-a Fleegeheemer, déi ganz wichteg sinn, an déi mir och nach musse bäibehalen iwwert déi nächst Wochen. Op jiddwerfalls esou laang, bis mir dëse Virus richteg am Grëff hunn. Mir gi besser eens haut domadder, mä am Grëff hu mir en nach net."

Och an de Spideeler bleiwe sougenannt Covid-Filièrë bestoen, déi natierlech komplett isoléiert vum normale Betrib lafen. A terme wäerten och d’Maisons médicales nees opgoen.

Kee brauch also Angscht ze hunn, bei den Dokter oder an d’Klinik ze goen, huet den Dr Alain Schmit verséchert.

Dr Alain Schmit: "An ech mengen, dass och dat wat haut u Mesuren ugekënnegt ginn ass, ganz koherent ass an och sécherstellt, datt de Besuch beim Dokter, ob et elo an der Praxis ass, beim Zänndokter oder am Spidol, sou sécher ass, wéi et nëmme ka sécher gemaach ginn."

Wann ee bei den Dokter geet, soll een dat dann och am beschte via Rendez-vous maachen, fir datt sech net all ze vill am Waardesall opgehale gëtt, an och d‘Doktere gi speziell ekipéiert. D'Zänndoktere kënne beispillsweis en Donneschdeg de Mëtteg hiert Material an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg ofhuelen.

Dr Alain Schmit: "Ech mengen, d'Zänndoktere sinn effektiv engem spezielle Risiko ausgesat, doduerch datt wärend der Praxis vun der Zännmedezin Partikele vaporiséiert ginn, an doduerch ass et néideg, fir datt ee sécher Zännmedezin ka maachen, datt een do besonnesch Material och huet."

Datt et den Ament um fräie Marché nämlech net gëtt, a wat de Staat deemno zur Verfügung stellt.

Vun den Zänndoktere war et e Mëttwoch och den Appell, dass ee sech an enger éischter Phas just bei dréngende Fäll ee Rendez-vous soll froen. Déi normal Kontroll vun den Zänn soll fir méi spéit sinn.

RTL-Artikel: Vun e Méindeg un: Reprise vu medezineschen Aktivitéite bannent a baussent de Spideeler

De Replay vun der Pressekonferenz

Back to Top
CIM LOGO