Operatioun "Hazeldonk"D'Police an d'Douane hunn op der Hollerecher Gare Zich kontrolléiert

RTL Lëtzebuerg
Am Ganze goufe sechs Zich, déi vu Rodange an Direktioun Stad gefuer sinn, kontrolléiert.
© Laurent Weber

Am Kader vun der Operatioun "Hazeldonk" hunn d'Police an d'Douane tëscht 10 a 14 Auer en Donneschdeg op der Hollerecher Gare Kontrollen an den Zich gemaach, déi aus Frankräich respektiv aus der Belsch komm sinn.

Am Fokus vun de Kontrolle stoungen Drogeschmuggler, déi reegelméisseg an d'Stad fueren.

Am Ganze goufe sechs Zich, déi vu Rodange aus Direktioun Stad gefuer sinn, kontrolléiert. D'Drogenhënn hu bei aacht Persounen ugeschloen, déi doropshi méi genee kontrolléiert goufen. Bei enger vun hinne gouf doropshin eng kleng Quantitéit Droge fonnt. Bei enger anerer Persoun koum de Verdacht op, dass si géif Drogen an hirem Kierper schmuggelen. Dee Verdacht huet sech no enger Kontroll am Scanner allerdéngs als falsch erwisen.

Back to Top
CIM LOGO