
Och zu Keel am ''Vitalhome'', enger Struktur fir betreit Wunnen, gouf et e Cluster an Corona-Doudeger.
D'Lokalsektioun vun der DP zu Keel, déi do an der Oppositioun ass, kritiséiert, wéi iwwer dësen Ausbroch vum Virus kommunizéiert gouf a fuerdert eng Enquête.
Ronn een Fënneftel vun den 39 Residenten am ''Vitalhome'' zu Keel ass no enger Covid-Infektioun gestuerwen. 25 waren der positiv getest ginn, nieft 13 Membere vum Personal, an dat zanter dem Ufank vum Mount. D'Keeler DP-Politiker Patrick Krings a Romain Becker hunn e Bréif verëffentlecht. Virop si si ganz einfach beonrouegt, dass et an der Struktur fir betreit Wunnen zu enger Kette vun Infektioune koum, seet de Patrick Krings.
''Dat gëtt ëmmer probéiert, ënnert den Teppech ze kieren, fir dass d'Leit do näischt gewuer ginn. Wa Rumeuren duerch d'Uertschaft zirkuléieren, dat ass méi schlëmm, ewéi wann d'Leit d'Wourecht gewuer ginn. Déi Rumeure waren eis scho vill éischter bekannt.''
An enger Uertschaft zirkuléieren esou Nouvellen ebe séier. Et wär vill geschwat ginn, erënnert den Oppositiounspolitiker sech. Nëmmen d’Regierung, an där jo och d’Partei vum Patrick Krings sou munches ze soen huet, hätt net kommunizéiert.
''D'Partei ass eis wierklech egal. Eis geet et ëm d'Leit. Dat ass eis vill méi wichteg. Natierlech halen ech zu menger Partei. Awer ech mengen do musse mer wierklech Remedur schafen, dass do aner Säiten opgezu ginn.''
Dem Schäfferot, deen zu Keel aus LSAP an déi Gréng zesummegesat ass, mécht den Patrick Krings keng Reprochen. Hien appelléiert awer un de Gemengerot, sech bei der Regierung staark ze maachen, dass eng Enquête gemaach gëtt am ''Vitalhome''. Dat ass eng privat Koproprietéit, dofir ass den LSAP-Buergermeeschter John Lorent skeptesch.
''Les pouvoirs sont d'attribution. Dofir sinn ech perséinlech der Meenung, dass dat do eppes ass, wou mir als Gemeng keng Attributioun hunn, fir Enquêten ze digilentéieren. Dat heescht awer net, dass mir net interesséiert sinn, fir ze wëssen, wat do lass war, a wéi mir zu där dramatescher Situatioun am ''Vitalhome'' komm sinn.''
De Buergermeeschter huet an tëscht nees mam Gestionnaire vun der Struktur Kontakt opgeholl an no Informatioune gefrot.