Fakultéit fir Droit, Economie a FinanzenDoyenne reagéiert op Virwërf ronderëm Wal am Conseil universitaire

Michèle Sinner
D'Doyenne vun der Fakultéit fir Droit, Economie a Finanzen op der Uni Lëtzebuerg dementéiert, si hätt probéiert, d'Studente virun de Walen am Conseil universitaire fir de Verwaltungsrot am November 2023 ze beaflossen.
© Amaury Sinner

D’Doyenne vun der Fakultéit fir Droit, Economie a Finanzen, Katalin Ligeti, seet, si hätt net mat de Studenten geschwat, déi un der Wal am Conseil universitaire fir de Verwaltungsrot un der Uni am November 2003 Deel geholl hunn. Si hat no Redaktiounschluss op d’Froe vun RTL reagéiert, dat am Kader vum Artikel iwwert Chagementer am Verwaltungsrot vun der Uni.

Dora geet och dovu riets, datt d’Katalin Ligeti versicht huet, déi Walen ze beaflossen. D’Katalin Ligeti schreift: “Il est exact que j’ai parlé à l’un des représentants des étudiants appartenant à ma faculté avant lesdites élections. Mais, cet étudiant n’était pas présent lors des élections pour le Conseil de gouvernance, si bien qu’il n’a pas participé au vote. En outre, je n’ai, à aucun moment, tenté de l’influencer ou d’influencer quiconque d’autre.”

RTL huet Kommunikatioune gesinn, an deenen dovu Riets geet, datt d’Studente vun der Doyenne an enger weiderer Proff am Numm vun der Doyenne ugeschwat goufen, dat fir hinnen d’Chercheuse Imen Derouiche als Kandidatin vun der Fakultéit ze presentéieren, déi jonk wär, d’Diversitéit a Verwaltungsrot vun der Uni géif bréngen a méi no bei de Studente wier, wéi d’Proffen.

D’Studenten haten dat wärend de Walen am Conseil universitaire och zu Protokoll ginn a sech dowéinst bei ville Waltier enthalen.

D’Katalin Ligeti schreift och: “Je ne peux que m’étonner de cette idée qu’il soit si simple ou même seulement possible d’influencer des étudiants dans leurs préférences de vote. Les étudiants sont suffisamment libres d’esprit pour arrêter eux-mêmes leurs propres choix.”

Back to Top
CIM LOGO